Firma vu Gérard Lopez an Eric Lux huet lescht Parte bei Alpine-Renault verkaf

Gérard Lopez / © AFP/Archives/Isabel INFANTES
RTL-Informatiounen no soll et sech hei ëm ronn 20 Milliounen Dollar handelen.
Genii Capital, d'Firma vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gérard Lopez an Eric Lux, hunn hir 10 Prozent vun de Parten, déi si nach an der Formel 1 Ecurie Alpine haten, un de Group Renault verkaf. Eisen Informatiounen no géif et sech dobäi ëm ronn 20 Milliounen Dollar handelen. Wéi de franséischen Autosconstructeur schreift, géif dës amiabel Transaktioun d'Enn vun enger 7 Joer laanger Zesummenaarbecht bedeiten. An der neier Saison bleift den Numm vun der Lëtzebuerger Firma awer nach op de Monoplacen drop.
De Gérard Lopez an den Eric Lux haten d'Ecurie Renault 2009 iwwerholl a se dunn a Lotus ëmgedeeft. De Finn Kimi Räikkönen konnt zwee Grand Prixe fir d'Ekipp mat Sëtz zu Enstone gewannen. No finanziell méi schwieregen Zäiten ass Renault dunn 2015 erëm an d'Kinneksklass vum Automobilsport erageklommen an huet d'Ecurie nees iwwerholl. Genii ass awer bis haut Partner vum Traditiounsrennstall bliwwen an de Gérard Lopez hat och bis elo eng Plaz am Verwaltungsrot vum Alpine-Renault F1 Team.