Lëtzebuerger Michel Turk gouf rehabilitéiert

© Foto vum Twitter-Account vum Michel Turk
De Michel Turk gouf am Mee 2019 vum Ethikrot vun der internationaler Moto-Federatioun, kuerz FIM genannt, fir 8 Joer gespaart.
Den TAS, den Tribunal Arbitral du Sport, ass déi leschten Instanz, wann et ëm Sportrecht geet. Viru kuerzem gouf ee Lëtzebuerger beim TAS zu Lausanne rehabilitéiert, dee vun der Internationaler Moto Federatioun fir 8 Joer gespaart gouf.
D'Affär geet zeréck op 2018. Deemools ass een neien President vun der FIM, der Internationaler Moto Federatioun, gewielt ginn. Zwee Kandidaten wollte sech der Wal stellen. Engersäits de Portugis Jorge Viegas an anersäits den Éisträicher Dokter Wolfgang Srb, deen zu deem Ament President vun der Europäescher Moto Federatioun war. Säi Vice-President war de Lëtzebuerger Michel Turk. Kuerz virun der Wal fir FIM-President, hat den Wolfgang Srb awer een Accident an hie konnt sech bei der Wal net presentéieren. Doropshin huet de Michel Turk gefrot, fir d'Wal no hannen ze verleeën. Dat ass awer net geschitt. Fir de Michel Turk hat déi Wal awer ee battere Nogeschmaach.
Dat war a mengen Ae keen demokrateschen Oflaf méi, well do konnt jo net méi gewielt ginn, well et war just nach een do. Anerer hätte sech nämlech opgestallt, wann den Dokter Srb net do gewiescht wier. Zum Beispill de fréiere Vice-President vun der FIM Nasser Al-Attiyah aus dem Katar. Dee wier ganz sécher och virun deem anere gewielt ginn. Mä den Dokter Srb war net méi do an dunn hunn ech gefrot, fir déi Walen no hannen ze verleeën, fir aner Kandidaten op eng Lëscht ze kréien, a fir demokratesch Walen ze kréien.
De Jorge Viegas gouf ouni Géigekandidat FIM-President.De Problem bei deem President war awer, datt ee portugisesche Journalist schonns virun der Wal erausfonnt hat, dat géint de Viegas Prozesser lafen, ënnert anerem wéinst Korruptioun. Fir de Michel Turk war dat definitiv de falsche Kandidat, fir FIM-President ze ginn, an hien huet och déi National Moto Federatiounen dorobber opmierksam gemaach.
Dat huet dem Här Viegas natierlech net gepasst an nach engem vu senge Kolleegen net, deen ech schonns bësse méi laang an de Philippinne bekämpfen, well dee kee ganz proppere Ruff huet. Deen huet dunn eng Plainte am Ethikrot gemaach, datt ech mech onethesch verhalen hätt an der FIM an dem Här Viegas geschuet hunn. Dunn hu si mech a menger Absence, si hu mech net emol gehéiert, zu 8 Joer verurteelt an als Persona non Grata bei allen FIM-Events weltwäit gespaart.
Déi Decisioun huet den Tribunal Arbitral du Sport awer elo annuléiert an de Michel Turk gouf rehabilitéiert. D'Fro, déi sech elo stellt, ass déi, ob hie ka sech ka virstellen, fir nees ee Posten an der Internationaler Moto Federatioun ze iwwerhuelen?
Ech hunn den Ament keng Loscht mech op deen Terrain ze beginn. Mindestens net esou laang deen dote Board of Directors an der FIM ass.
Wa sech dat awer géif änneren an och an eng gutt Richtung géif entwéckelen, kéint een driwwer nodenken, sot nach de Michel Turk.
PDF: Urteel vum TAS an der Affär Michel Turk