Enea Bastianini wënnt zum Optakt vun der neier Saison

© AFP
Den Italiener huet véier Ronne viru Schluss d'Féierung iwwerholl a sech sou déi éischt MotoGP-Victoire a senger Karriär geséchert.
Zum Optakt vun der neier MotoGP-Saison huet sech den Enea Bastianini beim Grousse Präis vum Katar déi éischt Victoire virum Brad Binder an dem Pol Espargaro geséchert.
De Pol Espargaro hat en immens gudde Start erwëscht a konnt sech sou aus der zweeter Rei séier déi éischt Plaz vum Jorge Martin huelen, dee mat e puer Startschwieregkeeten ze kämpfen hat a fir deen d'Course no engem Zesummestouss mam Pecco Bagnaia 11 Ronnen éischter eriwwer war wéi geplangt. Duerch e Feeler vum Pol Espargaro konnt sech den Enea Bastianini véier Ronne viru Schluss un d'Spëtzt vun der Course setzen a vun do aus d'Victoire sécher bis op d'Zillinn bréngen. Fir den Italiener war et déi éischt MotoGP-Victoire a senger Karriär. Op déi zweet Plaz ass um Enn de Brad Binder aus Südafrika komm, dat virum Pol Espargaro.
An der Moto2 huet sech iwwerdeems den Italiener Celestino Vietti déi éischt Victoire vun der Saison virum Aron Canet an dem Sam Lowes geséchert. Bei der Moto3 gouf et dann nach eng Victoire fir den Andrea Migno vun Honda, dee sech virum Sergio Garcia an dem Kaito Toba an enger knapper Schlussphas behaapte konnt.
Kuckt d'Courssen elo am Replay op RTL Play.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 23 E. Bastianini Ducati 42:13.198
2 33 B. Binder KTM 42:13.544
3 44 P. Espargaro Honda 42:14.549
4 41 A. Espargaro Aprilia 42:15.440
5 93 M. Marquez Honda 42:17.297
6 36 J. Mir Suzuki 42:18.041
7 42 A. Rins Suzuki 42:22.008
8 5 J. Zarco Ducati 42:23.734
9 20 F. Quartararo Yamaha 42:23.741
10 30 T. Nakagami Honda 42:28.165
Moto2
1 C. Vietti Kalex 39:53.637
2 A. Canet Kalex 39:59.791
3 S. Lowes Kalex 40:03.818
4 A. Fernandez Kalex 40:03.896
5 T. Arbolino Kalex 40:05.058
6 A. Ogura Kalex 40:05.968
7 J. Navarro Kalex 40:08.503
8 J. Roberts Kalex 40:09.008
9 C. Beaubier Kalex 40:11.005
10 M. Schrötter Kalex 40:12.545
Moto3
1 A. Migno Honda 37:59.522
2 S. Garcia GasGas 37:59.559
3 K. Toba KTM 38:00.095
4 D. Öncü KTM 38:00.116
5 J. McPhee Husqvarna 38:00.586
6 D. Moreira KTM 38:01.003
7 D. Foggia Honda 38:01.473
8 I. Guevara GasGas 38:02.067
9 R. Yamanaka KTM 38:02.264
10 X. Artigas CFMoto 38:05.577
De General
MotoGP
1. Enea Bastianini 25
2. Brad Binder 20
3. Pol Espargaro 16
4. Aleix Espargaro 13
5. Marc Marquez 11
6. Joan Mir 10
7. Alex Rins 9
8. Johann Zarco 8
9. Fabio Quartararo 7
10. Takaaki Nakagami 6
Moto2
1. Celestino Vietti 25
2. Aron Canet 20
3. Sam Lowes 16
4. Augusto Fernandez 13
5. Tony Arbolino 11
6. Ai Ogura 10
7. Jorge Navarro 9
8. Joe Roberts 8
9. Cameron Beaubier 7
10. Marcel Schrötter 6
Moto3
1. Andrea Migno 25
2. Sergio Garcia 20
3. Kaito Toba 16
4. Deniz Öncü 13
5. John McPhee 11
6. Diogo Moreira 10
7. Dennis Foggia 9
8. Izan Guevara 8
9. Ryusei Yamanaka 7
10. Xavier Artigas 6