Wärend d‘Traditiounscourse an de leschten 2 Joer wéinst der Pandemie ofgesot, gouf schéngt et déi Kéier aner Grënn ze ginn.

Den Opwand an d'Ufuerderunge fir d'Organisatioun vu sou engem groussen Evenement géingen ëmmer méi grouss ginn, woubäi ëmmer manner Leit géingen hëllefen, heescht et vum Organisateur, der "Union des Pilotes".
Derbäi kéime Chantiersaarbechten an en Interêt bei den Awunner vum Duerf, dee manner grouss gi wier. Et wier zum Beispill schwiereg, alle Participante Stroum zur Dispositioun ze stellen.

Plaze wou d'Spectateure kënnen nokucken an de Parking wieren entretemps komplizéiert  ze amenagéieren.

RTL

Derbäi kéim, datt d‘Course no Restrukturéierungen net méi sou gutt an déi international Meeschterschaften, Serien an och Rennkalennere géing passen.

Ob an ënner wéi enger Form et nach eng Kéier en Automobilsport-Evenement am Éisleker Duerf wäert ginn, dat léisst d'Union des Pilotes sech op. D'Eschduerfer Biergcourse gëtt et zënter 1988.

RTL