Brice Bosi an den 3. éischte Coursse vun der Saison net ze schloen
Den 20. Mäerz war et den Optakt vum Slalom-Championnat, dëst um Circuit zu Colmer-Bierg.
Bei den Toureween hat sech 13 Piloten ageschriwwen, fir un de Courssen deelzehuelen. Schonn direkt an der 1. Course huet de Brice Bosi um BMW M3 gewisen, dass et heescht hien ze klappen, wann een e Wuert ëm d'Victoire wëll matschwätzen.
Hie konnt sech an der 1. Course mat engem Zäit vun 1:10,61 behaapten a war domat 2,08 Sekonne méi séier wéi de Julien Freyermuth um Renault Clio 4 Cup. Plaz 3 geet un de François Flammang op Renault Clio 2 Cup.
An der 2. Course war et genee de selwechte Podium, nees Bosi viru Freyermuth a Flammang.
An der 3. Course konnt de François Flammang sech dann awer déi 2. Plaz sécheren. Séierste blouf de Brice Bosi a Plaz 3 goung hei dann un de Julien Freyermuth.
Bei de Formelween war et einfach de Gewënner ze ermëttelen, well de Canio Marchione war den eenzege Pilot, deen hei un den Depart gaangen ass, dëst mam Osella PA21 JRB. Seng Beschtzäit ass en an der 1. Manche vun der 3. Course gefuer, dat an 1:03,38.
An der Kategorie Loisir waren och just zwou Persoune gemellt, dat mam Tom Dostert op engem Focus, an dem Jessica Liegeois op engem Seat Leon Cupra. Den Tom Dostert konnt déi 3 Coursse fir sech entscheeden.
Nieft den Autoen ass awer och eng éischte Kéier e Slalom-Championnat mat de Kartinge gefuer ginn, wat sech als grousse Succès erausgestallt huet.

© www.aclsport.lu