E Rallye duerch d'Éislek, an dat mam Oldtimer. Dat hu sech Autofans op Nationalfeierdag bei dem schéine Wieder net huele gelooss.

Op der well siwenter Editioun vun der "Roude Léiw Classic-Rallye" goung et op eng Zort Schnitzeljuegd.

Oldtimerfans konnten den Nationalfeierdag e bëssen anescht feieren. De Rallye mat den alen Autoen ass eng Traditioun ginn. „Ech fuere Rallyen zanter 1975, an dunn hunn ech mer e bemol geduecht, firwat net selwer sou eppes organiséieren“, erzielt den Organisateur Jean-Paul Schammel. De Parcours wier net esou einfach, mä dat wéissten déi Leit di matmaachen och. Iwwert d‘Joren hätt sech een haarde Kär forméiert, dee sech ëmmer erëm trëfft.

Dëst Joer ass et da well déi siwent Editioun. Den Alain Heck a säi Copilote maache scho fir d'Drëtt mat. Si fuere méi reegelméisseg sou Rallyen, an awer fält et ëmmer nees schwéier, sech net oflenken ze loossen an och wierklech der richteger Streck nozefueren. Et geet nämlech net drëms, wien dee Séiersten ass, mee et muss eng ganz speziell Streck gefuer ginn. Laanscht d‘Strooss stinn da verschidden Zuelen, déi d'Particpanten an der richteger Reiefolleg opschreiwe mussen. Si mussen engem bestëmmte Roadbook nofueren. „Déi Zuelen, déi se da begéinen, schreiwe se op. Esou gesi mir, ob se déi richteg Streck gefuer sinn. Och wann et keng Course ass an et näischt ze gewanne gëtt, kënne mir esou gesinn, wien am beschte gefuer ass“, erkläert de Jean-Paul Grasges, deen op engem Kontrollpunkt zu Klierf mathëlleft.

Ronn 70 Teams hate sech dëst Joer ugemellt, fir de Wee duerch d‘Éislek. Eenzeg Bedingunge fir matzemaachen: E Fürerschain an en Auto, dee virum Joer 2000 gebaut gouf.