Top Ten fir de Gil Linster zu Vallelunga

© Nina Weinbrenner
De Lëtzebuerger ass trotz technesche Problemer am Qualifying op eng gutt 10. Plaz gefuer. An der Course ass et e Sonndeg fir eng 8. Plaz duergaangen.
Mat liichten technesche Problemer um Freideg beim fräien Training esou wéi am Final Practice, wou jeeweils eng 17. an eng 16. Plaz erauskomm ass, huet de Gil Linster säi Chevrolet Camaro vum Caal Racing Team um Samschdeg am Qualifying op eng gutt 10. Plaz gestalt. Trotz dräi Rout-Phasen, wou de Quali huet mussen ënnerbrach ginn, huet hien et fäerdeg bruecht, d'Top Ten ze komplettéieren.
Bei der éischter Course e Samschdegnomëtteg war de Gil ganz flott ënnerwee, bis d'Zündspull net méi matgespillt huet an dem Chevy säi Moteur gezwonge huet kräfteg ze houschten. No enger schneller Reparatur an de Boxen huet de Gil nees op d'Streck zréckfonnt, mee déi 3 Tier, déi hie verluer hat, waren net méi opzehuelen. Hien ass als 23. gewäert ginn.
Beim Warm-up e Sonndegmoien huet de Gil zesumme mam sengem Camaro eng 4. Plaz erausgefuer, wat Hoffnung gemaach huet fir d'Course. Esou war de Gil och vum Start ewech ganz gutt ënnerwee, bis hien bei engem klengen Ausrutscher e puer Plazen huet missen abéissen. Mat Kampfgeescht an enger grousser Partie Emotiounen huet de Mann aus Fréiseng um Enn awer mat der 8. Plaz nach e Resultat an den Top Ten erreecht.
Den nächste Rendez-vous ass den 3. respektiv 4. September zu Most an Tschechien.