Pole Position fir de Max Verstappen

© AFP
De Max Verstappen séchert sech Pole virum George Russell an dem Lewis Hamilton.
De Weltmeeschter Max Verstappen fiert e Sonndeg den Owend vun der Pole Positioun beim Grousse Präis vu Mexico-City fort. Fir den Hollänner ass et déi 6. Pole an dëser Saison. De George Russell kënnt no engem Fuerfeeler op déi 2. Plaz. Ouni dëse Feeler wier de Britt wuel op der 1. Plaz gelant.
Aus der zweeter Rei starten e Sonndeg den Owend de Lewis Hamilton op Mercedes an de Sergio Perez op Red Bull. De Carlos Sainz gëtt de Fënneften, Valtteri Bottas de Sechsten. De Charles Leclerc klasséiert sech nëmmen op der 7. Plaz.
Am Q1 sinn de Latifi, Albon, Stroll, Vettel a Schumacher eliminéiert ginn. Séierste war den Hamilton viru Verstappen a Leclerc.
Och am Q2 war de Lewis Hamilton, virum Carlos Sainz an dem George Russell dee Séiersten. Net an de Q3 hunn et de Ricciardo, Zhou, Tsunoda, Gasly a Magnussen gepackt.
Am Q3 huet sech dunn de Max Verstappen duerchgesat. Eng weider Victoire fir de Max Verstappen um Sonndeg, an hie wier dee Pilot mat de meeschte Victoiren an enger Saison.
Suivéiert de FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2022 live op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.