De Fabio Quartararo muss sech dës Saison mat Plaz 2 zefridde ginn. D'Course gëtt vum Alex Rins virum Brad Binder an dem Jorge Martin gewonnen.

De Francesco Bagnaia ass eng éischte Kéier a senger Carrière Weltmeeschter an der MotoGP. An der leschter Course vun der Saison goung dem Italieener eng 9. Plaz duer, fir viru sengem Verfollger Fabio Quartararo ze bleiwen. De Fransous koum just zwar als Véierten an d'Zil, mee hat en ze grousse Retard op de Bagnaia. De Francesco Bagnaia war mat enger Avance vun 23 Punkten op de Fabio Quartararo an déi lescht Course vun der Saison gaangen. De Fransous huet musse gewannen, fir nach Weltmeeschter kënnen ze ginn.

Gewënner vun der Course zu Valencia gouf den Alex Rins virum Brad Binder an dem Jorge Martin, deen als Éischten an an d'Course gaange war. De Bagnaia louch laang op Positioun 6, huet awer an de leschte Ronnen nach dräi Plazen agebéisst, wat awer keng Konsequenzen op den Ausgang vum Championnat hat.  De Fabio Quartararo huet wärend der ganzer Course versicht de Spëtzegrupp anzehuelen, mee hat déi néideg Vitesse. De Fransous konnt mat dësem Resultat säi Weltmeeschtertitel aus der Saison 2021 net verdeedegen.

An der Moto2 konnt den Augusto Fernandez sech mat enger zweeter Plaz de Weltmeeschtertitel sécheren, well säi Kontrahent Ai Ogura aus Japan no enger Chute an der aachter Ronn aus der Course war. De Pedro Acosta konnt zu Valencia seng drëtt Victoire vun der Saison feieren.

De Weltmeeschter Izan Guevara huet d'Saisonfinall an der Moto3 gewonnen. Hie setzt sech an engem enke Fotofinish virum Deniz Öncü duerch. De Sergio Garcia konnt duerch déi drëtt Plaz seng Positioun am Klassement verdeedegen a gëtt um Enn Zweeten hannert dem Guevara.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Alex Rins  41'22.250
2 Brad Binder +0.396
3 Jorge Martin +1.059
4 Fabio Quartararo + 1.911
5 Miguel Oliveira + 7.122

Moto2

1 Pedro Acosta  Red Bull KTM Ajo 39'52.4130
2 Augusto Fernandez  Red Bull KTM Ajo +1.232
3 Tony Arbolino  Elf Marc VDS Racing Team +10.163
4 Fermín Aldeguer  Beta Tools Speed Up +14.407
5 Albert Arenas  Inde GASGAS Aspar Team  +18.904

Moto3

1 Izan Guevara  Valresa GASGAS Aspar Team 38'10.4060
2 Deniz Öncü  Red Bull KTM Tech3  +0.062
3 Sergio Garcia Valresa GASGAS Aspar Team  +6.557
4 Dennis Foggia IT Leopard Racing  +14.133
5 Ayumu Sasaki JP Sterilgarda Husqvarna Max +14.574

De General

MotoGP

1 Francesco Bagnaia  265
2 Fabio Quartararo  248
3 Enea Bastianini  219
4 Aleix Espargaro  212
5 Jack Miller  189

Moto2

1 Augusto Fernandez 271.5
2 Ai Ogura 242
3 Aron Canet 200
4 Tony Arbolino 191.5
5 Pedro Acosta 177

Moto3

1 Izan Guevara  319
2 Sergio Garcia 257
3 Dennis Foggia 246
4 Ayumu Sasaki 238
5 Deniz Öncü  200