Rallye Condroz-Huy
Auto rappt Meedchen a jonke Mann an den Doud

© Pau BARRENA / AFP
Trauregt Enn e Sonndeg vum Rallye Condroz-Huy, hei vir an der Belsch.
Op der zweetleschter Etapp ass en Auto vun der Pist ofkomm an an e Grupp vu Spectateuren gerannt.
Fir e 16 Joer jonkt Meedchen an en 18 Joer alen Mann sollt all Hëllef ze spéit kommen. Eng sëllegen aner Leit wiere blesséiert ginn, déi meescht vun hinnen awer just liicht.
D’Rallye ass doropshin ofgebrach ginn.
De Parquet vu Léck huet eng Enquête lancéiert, fir ze kucken, op d’Leit méiglecherweis op enger Plaz stoungen, wou et u sech verbueden war. Duerch de Reen wier d’Streck op alle Fall ganz rutscheg gewiescht.
Am meeschte gelies