De leschte Weekend war zu Bologna, an der Haaptstad vun der Emilia Romagna, déi grouss Präisverdeelung vun der FIA.

Hei goufen eng ganz Rei Motorsportler aus deene verschiddene Kategorie wéi zum Beispill Formel 1, Formel E, Endurance, Rallye, asw fir hir Leeschtungen, déi si iwwer d'Joer 2022 vollbruecht hunn, ausgezeechent.

Hannert den anticke Gemaier vum Palazzo Re Enzo gouf um Samschden, den 10. Dezember, och e Lëtzebuerger an der Persoun vum Kevin Peters fir säi laang-erseenten Europameeschter-Titel an der Kategorie Autocross mat engem Pokal honoréiert.

RTL

Schonn um Freideg, den 9. Dezember, war de Kevin Peters an den Hale vun der Bologna Fiere bei der Präisverdeelung vun der Formel 1 mat dobäi. Esou munche Smalltalk wéi zum Beispill mam Formel 1-Weltmeeschter Max Verstappen, grad esou wéi mat sengem Kolleeg Thierry Neuville stoungen och um Programm.