
© AFP
De 55 Joer ale Ken Block war mat sengem Snowmobil e géien Hiwwel erofgefuer, wéi seng Maschinn ëmgekippt an op hie gefall ass.
Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.
De Ken Block war haaptsächlech bekannt ginn duerch spektakulär Drift-Videoen, déi an de soziale Medie grousse Succès haten. Seng Gymkhana-Videoe goufen op Youtube schonn iwwer 500 Millioune Mol gekuckt. Hien hat Kollaboratioune mat Marke wéi Subaru, Ford, Audi a Porsche.
Hoonitron
Gymkhana
En ass och eng Zäit laang mat Ford an der Rallye-WM gefuer an hat do 2013 säi beschte Resultat, mat enger 7. Plaz beim Rallye Mexiko.
An der Rallycross-Zeen konnt hien ënnert anerem tëscht 2014 an 2017 an der WM 2 Mol eng Podiumsplatzéierung feieren.
De Ken Block hannerléisst eng Fra an 3 Kanner.