Länger war de Rallye-Pilot Marco Christen vun der automobiler Bildfläch verschwonnen. Elo ass en awer nees aktiv, dat als Copilot vun enger Rallye-Legend.

De Marco Christen huet a senger Rallye-Karriär scho sou munchen Auto gefuer. Sieft et en Opel Corsa GSi, en Toyota Yaris bis hin zu engem Ford Fiesta ST a sengen éischte Joren. 2011 an 2012 dunn ass e mat engem Toyota Corolla AE86 ugetrueden, deemno mat engem Hecktriebler, mat deem e richteg vill Spaass hat.

2013 an 2014 huet e sech mat engem Citroen C2R2max, respektiv engem Citroën DS3 R3T versicht, an do och ganz respektabel Zäite konnten opweisen. Aus gesondheetleche Grënn stoung dunn eng länger Paus un, éier en 2019 nees zeréck bei Toyota gewiesselt ass a sech e GT86 CS-R3 gegënnt huet. Ugedriwwe vun engem Boxer-Motor ouni Turbo kënnt den Toyota op eng Leeschtung vun 220 PS bei engem Gewiicht vun 1.180kg. Et ass den 9. Auto vun där Serie, vun där just 35 Stéck gebaut goufen. Leider sollt de Marco Christen net vill kënnen domadder fueren, well en nees eng Paus huet mussen aleeën.

Elo am Joer 2023 soll den Auto awer nees agesat ginn, an och de Marco Christen feiert e Comeback am Rallye-Auto. En éischten Asaz ass dëse Weekend bei de Legend Boucles zu Baaschtnech geplangt, dat allerdéngs net hannert dem Steier, ma als Copilot. U senger Säit sëtzt keen anere wéi de Rallye-Europameeschter aus dem Joer 2003, de Bruno Thiry.

RTL

Bruno Thiry / © Rom Hankes

An den Asaz kënnt dann och den Toyota GT86 CS-R3, deen de Bruno Thiry am Januar teste konnt, a vun deem hien direkt begeeschtert war.

De Bruno Thiry test den Toyota GT86 CS-R3 vum Marco Christen
Op de Legend Boucles @ Bastogne fiert den Ekipage Thiry/Christen als 0-Auto.

Den Design inspiréiert sech dann och un deem vum Toyota Corolla, mat deem de Bruno Thiry zesumme mam Stéphane Prevot ënnert anerem de Rallye Monte Carlo 2000 gefuer ass.

RTL

© https://www.ewrc-models.com/

Um Rallye dëse Weekend geet et awer net drëm Beschtzäiten ze fueren, well si fueren als sougenannten 0-Auto. Dat heescht, si fuere virun den eigentleche Equipagen, déi op Zäit fueren, a sinn dofir do d'Zuschauer ze warnen, dass et elo lassgeet, a si sollen och sécherstellen, dass d'Streck fräi ass, respektiv d'Zuschauer all op séchere Plaze stinn.

Dëst ass elo mol en éischten Asaz, ma am Laf vum Joer sinn nach weider Saache geplangt, wéi de Marco Christen eis verroden huet.

RTL

Marco Christen / © Rom Hankes

Weider Lëtzebuerger am Asaz

De Marco Christen ass awer net den eenzege mat Lëtzebuerger Lizenz, deen dëse Weekend op de Specialle ronderëm Baaschtnech an engem Rallye-Auto sëtzt.

Aus der Startlëscht ass erauszeliesen, dass folgend Equipagen ugemellt sinn:

CHAVAN Charles / BEYERS René - Ford Escort RS 2000
DEGROTTE Eric / VAN ALSENOY Aline - Peugeot 304 S Coupé
JACQUES Georges / GRASGES Marcel - Porsche 944
KELLEN Jean-Paul / KALMES Luc - Austin Healey 3000 MKIII
KRIDEL Aly jr / FERRON Daniel - BMW 2002 Ti
LAMBERT Patrick / ALBERT Yannick - BMW 2002
MORES Guy / SCHROBILTGEN Sébastien - FIAT 131 Racing

De Rallyezentrum ass op der Place McAuliffe am Häerz vu Baaschtnech. Lass geet et e Freideg den Owend mat enger Expo-Parade mat allen Autoen, éier et e Samschdeg da lass geet mat der Course, déi um Sonndeg op den Enn kënnt.

Weider Informatioune fënnt een um offizielle Site vum Veranstalter.