Mat Alpine, Audi, Ferrari, Honda, Mercedes a Red Bull hu sech Motorhirsteller sech bei der FIA, der internationaler Automobilsportfederatioun registréiert.

Vun 2026 bis 2030 sinn et dann déi Hiersteller, déi Motoren respektiv déi sougenannten Power Unit, ënnert den neie Reglementer an der Formel 1, baue wäerten.

Och vun 2026 u gëtt nach ëmmer mat V6-Motoren gefuer. Déi Power Unit wäert eng Augmentatioun vum Asaz vun der elektrescher Energie ëm 50 Prozent beinhalten, an et wäert mat 100 prozenteg-nohaltegem Bensinn an der Kinneksklass vum Automobilsport gefuer ginn.