Gil Linster bei den New Smyrna Speedweeks a Florida um Depart
De Lëtzebuerger war e Samschdeg gutt ënnerwee an ass den éischten Europäer ginn, deen an enger Nascar-Course an d'Top-10 gefuer ass.
De Lëtzebuerger Gil Linster huet sech engagéiert, bei de World Series of Asphalt Stock Car vum 10. bis den 14. Februar um New Smyrna Speedway nordëstlech vun Orlando am Bundesstaat Florida deelzehuelen.
Dëst op engem knapp iwwer 500 PS staarken Ford Fusion V8 vum 1X Racing Team aus Salisbury North Carolina. Beim fräien Training en Donneschden huet de Gil Linster sech op säi Gefier mat der Nummer 1X agefuer a gouf 18. bei 35 gemellte Piloten.
Op dem 1/2-Meilen Oval um Clyde Hart Highway zu New Smyrna Beach konnt de Gil Linster sech um Freiden am Qualifying mat enger Zäit vun 18.478 Sekonne pro Ronn op déi gutt 13. Plaz eropschaffen, dëst bei 29 klasséierte Konkurrenten.
Bei engem liichte Kampf mam Jetlag huet de Fréisenger dunn um Samschden bei der éischter Course, déi vum Freideg gouf ofgesot wéinst dem Reen, eng gutt Leeschtung bruecht andeems hien no 35 Ronnen op der 8. Plaz bei 31 Leit um Depart ofgewonk gouf. Domat ass de Lëtzebuerger den éischten Europäer, deen an enger Nascar Course an d’Top Ten koum. Dem Gil Linster a säin Team waren richteg frou iwwer dat Resultat.
"Et ware vill Dréier a vill Crashe wärend der Course, esou datt ech hu musse Slalom fueren, fir den Accidenter aus dem Wee ze goen", sot e glécklechen Gil Linster. Um Sonndeg bei der zweeter Course hat de Gil Linster net esou vill Gléck. Vun der 21. Positioun gestart, koum hien net iwwer eng 17. Plaz eraus. "Et war zimmlech kal a Florida an ech hunn den Auto einfach net richteg op Toure kritt", sot de Gil Linster. "Wann een hannen am Pulk ass an net mat deene Fiichte matfiert, ass et extrem schwéier, fir no vir ze kommen. Ech hunn awer vill geléiert bei dëse Speedweeks an et huet riseg Spaass gemaach. Ech wëll dem 1X Racing Team e grousse Merci soen, dass si mir déi Méiglechkeet ginn hunn, fir do ze fueren", sou de Lëtzebuerger weider.
Alles an allem ass et awer eng positiv Experienz gewiescht, mat deene beschte Pro Late Model-Piloten aus de USA ze fueren. Den nächsten Weekend steet eng Visitt vun den Daytona 500 an der Nascar um Programm an der Hoffnung enges Daags do duerfen matzefueren.