E Bléck vun enger Sportaart op sech selwer
Aktuell kann een zu Madrid d'Ausstellung vun der Formel 1 "F1 - The Exhibition" kucke goen.
Dat heiten ass bei wäitem net déi éischte Formel-1-Ausstellung. Mä déi éischten, déi vun der Formel 1 selwer organiséiert gëtt. Et ass quasi de Bléck vun enger Sportaart op sech selwer.
Fënnef Joer laang gouf recherchéiert, gesammelt an zesummegedroen. Well et warscheinlech souwisou onméiglech ass, 73 Joer am Detail nozëerzielen, goufen um Enn 350 representativ Objeten zeréckbehalen.
Dës Ausstellung wëllt erklären: Wéi ass d'Formel 1 zu deem ginn, wat se haut ass? Wéi eng Geschichte goufe laang virun "Drive to survive" geschriwwen? Firwat ass dëse Sport esou populär?
An dëser Ausstellung stinn d'Geschichten hannert den Objeten am Mëttelpunkt.
Den Alpha Tauri gouf erausgesicht well et de Beweis ass, dass och an der duerchsimuléierter Formel 1 nach Iwwerraschungsvictoirë méiglech sinn. Donieft gëtt de leschte Formel-1-Ferrari gewisen, deen nach zu Liefzäite vum groussen Enzo entstanen ass. An de Lotus 49B, dee wéi keen aneren Auto den Design an d'Technik vun der Formel 1 revolutionéiert huet.
Et goung offensichtlech net drëms, hei esouvill Autoe wéi méiglech auszestellen.
Dës Expo gouf als Wanderausstellung konzipéiert. Bis an de fréie Summer soll se jiddwerfalls mol zu Madrid bleiwen. Wou se duerno hireest, do léisst d'Formel 1 sech leider nach net an d'Kaarte kucken.