Eng Victoire gëtt et fir d'Aniek Van Alphen aus Holland an op déi drëtt Plaz ass d'Marlène Petit aus Frankräich komm.

Op enger Distanz vu 14,45 Kilometer ass et e Samschdeg fir 25 Coureusen zu Troyes a Frankräich un den Depart gaangen.

Mat enger Zäit vun 42:35 Minutten  an engem Retard vu 6 Sekonnen op d'Aniek Van Alphen ass d'Christine Majerus op déi zweet Plaz gefuer. Op de Podium huet et nach d'Marlène Petit mat engem Retard vun 11 Sekonne gepackt.