Ralph Diseviscourt knackt de 24-Stonnen-Weltrekord
Den Ultracyclist ass vun e Samschdeg Mëtteg 14 Auer, bis e Sonndeg de Mëtteg 14 Auer, 915,39 Kilometer um Stéck gefuer.
Um 13.28 Auer huet en déi uviséiert 895 Kilometer elo gepackt. Lëtzebuerg huet domatt nei Weltrekorden am Cyclissem. Den Dizzy war déi 24 Stonnen zu Veianen um Oberbecken vun der SEO ënnerwee!
Deen alen offizielle Rekord vum Australier Mitch Anderson stoung bei 894 Kilometer. Den inoffizielle Weltrekord vum Éisträicher Christoph Strasser war bei 914 Kilometer. De Lëtzebuerger huet am Ganzen direkt 9 Weltrekorden verbessert.
An de leschte Stonnen huet de de Ralph Diseviscourt och schonns e puer aner Weltrekorder gebrach.
Nämlech déi iwwer 100, 300 a 500 Kilometer. Respektiv iwwer 100, 200 an 300 Meilen. Do dernieft och nach deen iwwer 6 Stonne fueren.
Hei gëtt et de Liveticker vum "Dizzy"








Gratulatioun vum Sportminister Dan Kersch
Cher Ralph,
Privé de compétition pendant longtemps en raison des circonstances bien connues, tu t’es lancé dans un défi en solitaire pour battre le record de la distance parcourue endéans 24 heures.
Pari réussi avec plus de 915 km parcourus en 24 heures sur un site emblématique pour le Grand-Duché de Luxembourg.
Ce nouveau record du monde fait grandement honneur et rend fier le pays tout entier.
Bravo Dizzy !
s.Dan Kersch
Ministre des Sports
Bilan aus der Nuecht
An der Nuecht goufen et keng Problemer fir den Ultra-Cyclist och wann et laang a kal war.













































































































































DEN DEPART
De Ralph Diseviscourt war dann e Samschdeg de Mëtteg och positiv agestëmmt: "Konditioune si wierklech bal perfekt. Et ass net ze vill waarm, net ze vill Loft. Déi éischt Tier elo fir waarm ze ginn, ware gutt. D'Bee si gutt, d'Form stëmmt an ech si positiv gestëmmt."
Et rullt richteg gutt. No 4 an enger hallwer Stonn hat hie schonn eng Avance op den aktuelle Weltrekord vu ronn 19 Kilometer. Géint hallwer 4 gouf et awer eng Schrecksekonn fir de Dizzy. Hie gouf nämlech iwwer dem fuere vun enger Harespel an d'Bee gepickt. Ausser dass et bësse wéi gedoen huet, ass awer näischt geschitt.
Bis elo ass de Ralph Diseviscourt mat enger Moyenne vun iwwer 42 Kilometeren an der Stonn ënnerwee. Déi dierft awer an den nächste Stonnen e bëssen erof goen. Dat gouf och esou am Virfeld mat agerechent: "Et ass am Fong geholl esou, dass een net dovunner kann ausgoen dass een dee selwechte Rhythmus iwwer déi 24 Stonne ka fueren. Do wäert et schonns zu gewëssene Schwankunge kommen. Duerch d´Nuecht wou et och méi kal gëtt an d´Streck manner gutt gesäit am däischteren. An den Tester déi gemaach goufen, wësse mir a wat fir eng Watt-Beräicher mir kenne goe fir net an de roude Beräich ze kommen an esou ideal iwwer déi 24 Stonnen ze kommen."
D'PREPARATIVEN
Fir de Coureur louch d'Prioritéit déi lescht Deeg an der Recuperatioun, soudass de Kierper sech vum haarden Training erhuele kann. Et wier och eng Méiglechkeet d'Material nach eng Kéier ze testen.












































































































































