Jonas Vingegaard séchert sech d'Schlussvictoire
De Jasper Philipsen huet iwwerdeems déi lescht Etapp op der Arrivée zu Paräis fir sech entscheet.
E Sonndeg stoung an der 109. Editioun vum Tour de France déi 21. Etapp um Programm. Am Massesprint op de Champs-Elysées konnt sech um Enn de Jasper Philipsen d'Victoire sécheren. De Belsch war um Enn dee Séiersten a konnt sech sou virum Dylan Groenewegen an dem Alexander Kristoff duerchsetzen.
Nieft dem traditionelle Schampes fir d'Gewënner-Ekipp, deen et dës Editioun fir Jumbo-Visma ginn ass, gouf et och dëst Joer nees déi eng oder aner Attack, déi awer wéi gewinnt kuerz virun der Arrivée net méi géint déi héich Vitesse vum Peloton mathale konnt. Op de Champs-Elysées zu Paräis ass et sou no ronn 115 Kilometer zum Massesprint komm, wou sech de Belsch Jasper Philipsen um Enn behaapt huet.
D'Schlussvictoire vum 109. Tour de France geet domat definitiv un de Jonas Vingegaard. Den Dän steet no der leschter Etapp am General mat enger Avance vun 2'43'' virum Tadej Pogacar an 7'22'' virum Geraint Thomas.
Fir de Bob Jungels steet um Enn déi 12. Plaz, de Kevin Geniets gëtt den 48.
De Grénge Maillot geet um Enn un de Belsch Wout van Aert, de Jonas Vingegaard kritt de Maillot fir de beschte Biergfuerer an den Tadej Pogacar gëtt mam Maillot Blanc als beschte jonke Coureur ausgezeechent. De Präis fir déi bescht Ekipp geet un INEOS Grenadiers.