Den Alex Kirsch an de Kevin Geniets ginn e Freideg bei dem Hallef-Klassiker E3 Saxo Classic un den Depart.

Dës Course, mat Depart an Arrivée zu Harelbeke, zielt duerch hir Schwieregkeet als Generalprouf fir den Tour des Flandres (2.Abrëll).

De Bob Jungels war vu senger Ekipp fir des Course a Gent - Wevelgem e Sonndeg virgesinn, war awer no Paris - Nice krank ginn a muss doropshi Forfait erklären. Am Ganze sinn um Freideg 17 gëfteg Koppen ze fueren. Déi schlecht Wiederkonditiounen droen dozou bäi, datt ee sech eng immens schwéier Course kann erwaarden.

Dräi Nimm stiechen aus der Favorittelëscht raus. De Vainqueur vu Mailand - Sanremo Mathieu van der Poel, de Wout van Aert, Gewënner vum E3 aus dem leschte Joer an den Tadej Pogacar, dee viru kuerzem Paris-Nice dominéiert hat, gi sech och nächste Weekend beim Tour des Flandres ganz wäit vir erwaart.

D'Course kënnt Dir e Freideg vu 14.30 Auer u live bei eis um 1.RTL an um Internet kucken.

E3 Saxo Bank Classic 2022
De Resumé vum Tom Flammang