Leader am General bleift no der 6. Etapp de Jonas Vingegaard.

E Freideg huet den Däitsche Georg Zimmermann aus enger Echappée eraus déi 6. Etapp vum Critérium du Dauphiné fir sech entscheet. Hien hat eng Avance vun enger Sekonn op de Fransous Mathieu Burgaudeau an der aacht op de Spuenien Jonathan Castroviejo.

De Kevin Geniets ass de 40. op zwou Minutten an zwou Sekonne ginn.

Leader am General ass nach ëmmer den Dän Jonas Vingegaard. Hien huet virun de leschten zwou Etappen e Virsprong vun enger Minutt an 10 Sekonnen op de Ben O'Connor. De Kevin Geniets ass de 36. op aacht Minutten an 10 Sekonnen.

D'Klassement

1 ZIMMERMANN Georg Intermarché - Circus - Wanty 4:02:50
2 BURGAUDEAU Mathieu TotalEnergies 0:01
3 CASTROVIEJO Jonathan INEOS Grenadiers 0:08
4 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 0:48
5 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team ,,
6 YATES Adam UAE Team Emirates ,,
7 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,
8 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
9 ALAPHILIPPE Julian Soudal - Quick Step ,,
10 MAS Enric Movistar Team ,,
...
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:02

De General

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 21:06:41
2 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team 1:10
3 ALAPHILIPPE Julian Soudal - Quick Step 1:23
4 YATES Adam UAE Team Emirates 1:26
5 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 1:37
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 1:44
7 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 2:07
8 MARTIN Guillaume Cofidis 2:54
9 BJERG Mikkel UAE Team Emirates 2:55
10 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 2:57
...
36 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 8:10