Wéi de Pello Bilbao op der grousser Bün zu Issoire seng Gewënnermedail krut, huet hie mat sengem lénkse Fanger a Richtung Himmel gewisen.

"Dat war eng Victoire fir den Gino", sot de Spuenier wärenddeem hie mat den Tréine gekämpft huet. Hien huet seng éischt Tour-de-France-Victoire sengem déidlech verongléckte Kolleeg Gino Mäder gewidmet. De Pello Bilbao hat jo déi 10. Etapp aus enger Echappée eraus gewonnen.

No der Etapp huet de Pello Bilbao op säin Helm gewisen, wou drop steet: "#rideforgino". Den Gino Mäder war jo de viregte Mount beim Tour de Suisse no enger uerger Chute verstuerwen.

Fir de Pello Bilbao war de Verstuerwenen net nëmmen en Teamkomerod, mee ee gudde Kolleeg. De Mäder hat esouguer en Hond aus der baskescher Stad Bilbao adoptéiert an e Pello genannt.

"Et war schwéier, sech an de leschte Woche mat de Gedanken un hien op den Tour ze preparéieren", huet de Spuenier zouginn.

Fir dem Gino Mäder ze gedenken, spent de Pello Bilbao fir all Coureur, deen en op enger Etapp hannert sech léisst, 1 Euro fir den Ëmweltschutz. Mëttlerweil si schonns méi wéi 1.300 Euro zesummekomm.