Ech muss definitiv op 110% sinn

© AFP
Nom Contre-la-montre en Dënschdeg waren de Bob Jungels an de Kevin Geniets och nees am RTL-Interview.
De Bob Jungels huet de Contre-la-montre genotzt, fir eng kleng Intensitéit ze maachen a sech esou op d'Etapp um Mëttwoch ze preparéieren. Hien hat keng gréisser Ambitioune fir d'Zäitfueren an ass awer dofir ëmsou méi frou, datt et hutt gaangen ass. De Coureur vu BORA - hansgrohe freet sech op déi nächst Etappen, well e sech Dag fir Dag besser spiert a wëll sengem Kapitän Jay Hindley weiderhi sou gutt wéi méiglech hëllefen. No senger Arrivée war dem Bob Jungels säin Tipp, datt de Jonas Vingegaard gewënnt an domat sollt hien och Recht behalen. De Lëtzebuerger hat als 38. en Dënschdeg e Retard vu 5 Minutten an 19 Sekonnen op de Gewënner.
Och de Kevin Geniets ass zefridde mam Zäitfueren. Hie konnt um Roudag gutt recuperéieren an huet am Interview gesot, datt d'Been gutt gedréint hunn. Hie gouf en Dënschdeg den 51. mat engem Retard vu 5 Minutten an 43 Sekonnen. E Mëttwoch ass eng wichteg Etapp, dofir "muss ech definitiv op 110% sinn", esou de Kevin Geniets. Ob d'Fro, ob een hie villäicht e Mëttwoch an der Echappée gesäit, do wollt hie sech nach net richteg an d'Kaarte kucke loossen.
Den Alex Kirsch war en Dënschdeg de beschte Lëtzebuerger. De Lëtzebuerger Champion koum op déi 34. Plaz mat engem Retard vu 5 Minutten an 10 Sekonnen. Vum Coureur vu Lidl-Trek hu mir leider keen Interview no dëser Etapp.