Déi dräi Lëtzebuerger stoungen am Déngscht vun hire Leader

© Val Wagner
Wärend dem Alex Kirsch seng Roll war, de Sprint ze preparéieren, sollten de Kevin Geniets an de Bob Jungels fir hir Leader am General schaffen.
Dräi Lëtzebuerger Vëlosproffie ware live dobäi, wéi de Jonas Vingegaard e Sonndeg déi 110. Editioun vum Tour de France, mat enger Avance vun 7 Minutten 29 op den Slowen Tadej Pogacar op den Champs Elysée eng zweete Kéier an senger Karriär gewonnen huet. Bob Jungels, Kevin Geniets an Alex Kirsch hu sech all Kéiers an den Déngscht vun hirer Ekipp gestallt.
De Bob Jungels ass vum Typ hier een, dee gäre Coursse gewënnt. Dëst Kéier war den 30 Joer ale Profi bei Bora-Hansgrohe als "capitain de route" fir säi Leader Jai Hindley, deen um Enn 7. gouf, ënnerwee. Et ass ëmmer erëm speziell, wann s de an eng nei Ekipp kënns. Zwee grouss Tier ze maachen op d'Generalklassement ass ëmmer mat vill Stress verbonnen an och mam Jai hate mer e gudde Grond, gestresst ze sinn.
Dem Kevin Geniets säi Kapitän bei Groupamam FDJ David Gaudu war am Schlussklassement als 9. och nach an den Topp 10. Dësen Tour war definitiv anescht wéi d'lescht Joer. Ech hat Schwieregkeeten, déi Roll vun dësem Joer auszefëllen, ech hunn nach vill ze léieren.
Den Alex Kirsch hat als Aufgab bei Lidl-Trek de Mads Petersen sou gutt wéi méiglech bei de Sprinten, ze placéieren. Eng grouss Erfarung fir mech, deen éischten Tour de France fäerdeg gefuer ze sinn. Mat Héichten an Déifte wéi all Grand Tour. Ech sinn perséinlech zefridden, och wann ech déi lescht Woch e bësse mat enger Erkältung gekämpft hunn, mä ech denken, ech hu meng Aarbecht gutt erfëllt.
No 3.401 Kilometer war de Bob Jungels am Generalklassement als beschte Lëtzebuerger op der 26. Plaz, de Kevin Geniets gouf den 41., an den Alex Kirsch den 115..