Marie Schreiber mat Ambitioune fir d'EM
De Weekend vum 4. a 5. November ginn zu Pontchâteau a Frankräich d'Europameeschterschaften am Cyclocross gefuer.
Aus Lëtzebuerger Siicht kann ee bei den Espoirs-Dammen e gutt Resultat erwaarden. D'Marie Schreiber hat et d'lescht Joer zu Namur op déi 4. Plaz gepackt an huet sech dëst Joer e Podium als Zil gesat.
Zu Namur d'lescht Joer war d'Marie Schreiber gewinnt séier an d'Course gestart a war op deem physesche Parcours mat deene beschten ënnerwee. Um Enn haten 19 Sekonne fir d'Bronzemedail gefeelt. D'Lëtzebuerger Athleetin vum COSL-Elite-Kader ass no der Stroossesaison fréi an déi néi Saison gestart a konnt bis elo bei 6 Crossen, déi si gefuer ass, 3 Mol gewannen. Deemno ass d'EM a Frankräich den nächste Weekend en éischten Highlight an der Saison vun der 20 Joer jonker Sportlerin. Zanter Ufank Mäerz dëst Joer fiert d'Marie Schreiber fir SD Worx a profitéiert an enger vun deene weltbeschten Ekippe vun enger excellenter Struktur. De Profit vun enger zolitter Stroossesaison spiert d'Profisportlerin och an de Crossen.
Bis et den nächste Sonndeg a Frankräich ëm Medaile geet, stinn awer dëse Weekend nach 2 ganz grouss Rendez–vouse mat der Elite am Cross-Sport um Programm. Dat e Samschdeg zu Ruddervoorde an e Sonndeg bei engem Weltcup zu Maasmeeschelen, zweemol an der Belsch.