De Mathieu van der Poel confirméiert seng Form mat dominanter Victoire

© AFP
Um Sonndeg ass et fir d'Coureure bei der 108. Editioun vum Tour des Flandres iwwer 271 Kilometer vun Antwerpen op Oudenaarde gaangen.
Nieft dem Lëtzebuerger Champion Alex Kirsch sinn och de Wout van Aert an de Jasper Stuyven no der Chute beim Klassiker "A travers la Flandre" net mat un den Depart gaangen, wouduerch de Weltmeeschter Mathieu van der Poel an d'Favoritteroll geréckelt ass.
Dëser konnt hien no enger ganz souveräner Leeschtung och gerecht ginn an domat no 2020 an 2022 säin drëtte Succès bei dëser Course feieren. Gläichzäiteg ass hien den éischte Coureur ginn, deen et 5 Mol um Stéck op eng Podiumsplaz gepackt huet. Komplettéiert gëtt de Podium vum Luca Mozzato an dem Nils Politt, allebéid mat engem Retard vun enger Minutt an 2 Sekonnen.
Knapp 100 Kilometer virun der Arrivée louchen 12 Coureuren mat enger klenger Avance un der Spëtzt, dorënner och de Mads Pedersen. Am Valkenberg konnt de van der Poel dëst Lach vun e puer Sekonnen zoufueren, ma de Mads Pedersen an den Gianni Vermeersch hunn op en Neits acceleréiert a sech eng Avance vu ronn 20 Sekonnen erausgefuer.
An der Suite huet d'Course sech calméiert a 55 Kilometer viru Schluss konnt de van der Poel mat e puer anere Coureuren um Oude Kwaremont zur Spëtzt opschléissen. Ëmmer méi Coureuren hunn et dunn an dëse Grupp gepackt, ma um Koppenberg hunn déi allermeescht misse vum Vëlo erofklamme fir ropzekommen. De Weltmeeschter van der Poel konnt dogéint ganz iwwer de Sommet fueren a sech domat un d'Spëtzt vun der Course setzen, dat e puer Sekonne virum Matteo Jorgenson.
Den US-Amerikaner gouf vum Hollänner awer séier weider distanzéiert a bei enger Minutt Retard vu 6 anere Coureuren ageholl. Um Enn huet de Weltmeeschter seng Avance just nach ausgebaut, soudass hie senger Favoritteroll gerecht ginn ass an déi 108. Editioun en solitaire fir sech decidéiere konnt.
De Replay vum Tour des Flandres 2024 elo op play.rtl.lu
D'Top 10 vun den Hären
1 VAN DER POEL Mathieu 6:05:17
2 MOZZATO Luca Arkéa - B&B Hotels +1:02
3 POLITT Nils UAE Team Emirates "
4 BJERG Mikkel UAE Team Emirates "
5 MORGADO Antonio UAE Team Emirates "
6 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers "
7 NAESEN Oliver Decathlon AG2R La Mondiale Team "
8 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech "
9 BETTIOL Alberto EF Education - EasyPost "
10 SKUJINS Toms Lidl - Trek "
Dammen
Bei den Damme stounge bei der 21. Editioun 163 Kilometer um Programm, bei deene Start an Zil zu Oudenaarde waren. Hei kruten d'Spectateuren eng méi ausgeglach a spannend Course gebueden, well et ëmmer nees Ännerungen am Feld goufen.
D'Shirin van Anrooij louch eng Zäit eleng un der Spëtzt, gouf awer 12 Kilometer virun der Arrivée vum Elisa Longo Borghini an dem Katarzyna Niewiadoma ageholl.
Um Enn setzt sech mat der italieenescher Championne Longo Borghini eng vun de Favoritinne am Schlusssprint duerch. Op d'Plazen 2 an 3 hunn et d'Niewiadoma an d'van Anrooij gepackt. No 2015 ass et déi zweet Victoire vum Elisa Longo Borghini beim Tour des Flandres.
Mam Nina Berton a Christine Majerus waren och zwou Lëtzebuergerinnen zu Oudenaarde mat um Depart, déi allebéid eng excellent Leeschtung gewisen hunn. D'Nina Berton ass um Enn op déi 19. Plaz komm (+1:46) iwwerdeems d'Christine Majerus et no vill Aarbecht fir hir Ekipp op Plaz 40 gepackt huet (+3:30).
D'Top 10 vun den Dammen
1 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek 4:16:04
2 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing "
3 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek "
4 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike +0:09
5 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime "
6 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck "
7 PERSICO Silvia UAE Team ADQ "
8 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime +0:15
9 PATERNOSTER Letizia Liv AlUla Jayco +1:40
10 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ "
...
19 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +1:46
40 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +3:30