Fir den Hollänner ass et deen éischte WM-Titel am Gravel.

Den Hollänner Mathieu van der Poel ass no engem WM-Titel an der Stroossecourse a sechs Weltmeeschtertitelen am Cyclocross elo och eng éischte Kéier Weltmeeschter am Gravel. Den 29 Joer ale Coureur huet sech zu Louvain an der Belsch no 182,8 Kilometer mat iwwer enger Minutt Avance op de Belsch Florian Vermeersch duerchgesat. Bronze huet sech de Belsch Quinten Hermans geséchert.

De Van der Poel war vum Start ewech ganz aktiv,  huet ëmmer nees probéiert ze beschleunegen a louch eng Zäit laang eleng un der Spëtzt. 40 Kilometer virun der Arrivée war hien deen eenzege Coureur, deen der Attack vum Vermeersch konnt nogoen. 13,5 Kilometer virun der Arrivée huet de van der Poel seng decisiv Attack gesat an ass en solitaire der Victoire entgéint gefuer.

Beschte Lëtzebuerger war de Loïc Bettendorff als 41. op ronn 14 Minutten.

Bei den Dammen hat sech e Samschdeg d'Hollännerin Marianne Vos d'Goldmedail geséchert. D'Voss huet domadder WM-Titelen op der Strooss, op der Bunn, am Cyclocross an am Gravel gesammelt. D'Christine Majerus an d'Marie Schreiber waren op d'Plazen 12 a 16 gefuer.

D'Klassement vun der Course

1.VAN DER POEL Mathieu 4:41:23
2. VERMEERSCH Florian 4:42:26
3. HERMANS Quinten 4:45:10
4. STUYVEN Jasper 4:45:10
5. VERMEERSCH Gianni 4:45:11
6. SWIFT Connor 4:45:11
7. MOHORIC Matej 4:45:11
8. MERLIER Tim 4:45:38
9. KIELICH Timo 4:45:38
10. AERTS Toon 4:45:38
...
41. BETTENDORFF Loïc 4:55:53
83. DIEDERICH Tim 5:04:59