All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.

Des Woch ass de Georges Mischo Invité am Podcast „Drëtt Hallschent, de Sport-Talk“.

Mam Député-Maire vun Esch schwätze mir iwwer d'Sportstad Esch a vill nei Projeten a punkto Infrastruktur.

Donieft geet et awer och ëm d'Relatioun mam Sportminister Dan Kersch.

De Georges Mischo ass vu Beruff hir geléierte Sportsproff, deemno geet et och ëm de Sport an der Schoul an de Stellewäert an der Gesellschaft.

Drëtt Hallschent Episod 14: Georges Mischo

De komplette Podcast fannt Dir och op Spotify an iTunes.

Weider Episode vun "Drëtt Hallschent"