Dës Woch ass de Sportminister Georges Mischo Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

Hien ass zanter méi wéi 100 Deeg op dësem Posten an hat Zäit sech an déi verschidden Dossieren eran ze schaffen.

De geléierten Sportsproff schwätzt mam Jeff Kettenmeyer driwwer, wéi een de Stellewäert vum Sport am Allgemenge ka verbesseren, ma awer notamment och an der Schoul, dat an Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère.

Donieft geet et awer och drëms, wéi een d'Situatioun vum Benevolat kéint stäerken an och wéi de Georges Mischo eng zivil Karriär fir Sportler wëll schafen.

De fréieren Escher Buergermeeschter erzielt och, wéi hie mat Drock ëmgeet a wat hien als Ausgläich nieft der Aarbecht mécht.

De ganze Podcast mam Sportminister Georges Mischo fannt dir op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 141: Georges Mischo

De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.

RTL