
An den aneren europäesche Lige goufen et ënner anerem Victoirë fir Liverpool a Barcelona, wärend Arsenal an AC Mailand doheem verluer hunn. Donieft waren uechter Europa eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Asaz.
Am Spëtzematch vum 29. Spilldag huet Borussia Dortmund doheem 0:1 géint Leverkusen verluer. D'Spectateuren zu Dortmund kruten eng ausgeglachen éischt Hallschent ze gesinn, an där béid Ekippen offensiv awer kaum Akzenter gesat hunn. Kuerz virun der Paus konnt den Andrich ee Feeler am Spillopbau vum Bensebaini ausnotzen an aus der Distanz d'Féierung fir Leverkusen markéieren. Am zweeten Duerchgang ass dem BVB am leschten Drëttel weiderhin net vill agefall. An der Schlussphas ass den Drock vu Schwaarz-Giel dunn zwar ëmmer héich ginn, bis op ee Schoss un d'Lat vum Guirassy ass et awer net méi richteg geféierlech ginn. Et ass domat réischt déi 3. Defaite an der Liga fir de BVB, deen och déi éischt Kéier an dëser Bundesliga-Saison ouni eegene Gol bleift. Dortmund bleift awer weider op Plaz 2, wärend Leverkusen op déi 5. Plaz klëmmt.
RB Leipzig huet déi éischt 45 Minutte géint Borussia Mönchengladbach dominéiert, ass awer ëmmer nees um staarken Nicolas am Gladbacher Gol hänke bliwwen. D'Gäscht haten och eng kloer Occasioun duerch de Castrop, deen awer net laanscht de Leipziger Golkipp Vandevoordt komm ass, soudass et ouni Goler an d'Kabinne gaangen ass. Nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp d'Borussia kaum nach aus der eegener Hallschent gelooss, de Ball sollt awer weiderhin net de Wee an d'Netz fannen. An der 81. Minutt war et du schlussendlech nees de jonken Diomande, deen no engem séieren Ëmschalten den héichverdéngten 1:0 fir RB geschoss huet.
Donieft gewënnt Frankfurt 2:1 zu Wolfsburg, déi domat déi nächst Defaite astieche mussen. Den Tabelleleschten Heidenheim konnt sech iwwerdeems 3:1 géint Union Berlin duerchsetzen.
Um Samschdeg den Owend ass Bayern München nach mat 5:0 iwwert St. Pauli mam Danel Sinani gerullt. De Musiala huet den Tabelleleader schonn no 9 Minutte per Kapp a Féierung bruecht. St. Pauli huet zwar am eegene Stadion gutt dogéint gehalen, ma de 16. an der Tabelle konnt d'Münchener Defense awer kaum viru Problemer stellen. An der 53. Spillminutt koum de Goretzka no engem Fräistouss un de Ball an huet per Volley op 2:0 erhéicht. Et war den 102. Gol vun de Bayern an dëser Bundesliga-Saison, woumat si de Rekord aus der Saison 1971/72 gebrach hunn, dee si selwer opgestallt haten. Direkt duerno huet den Olise de Match mam 3. Gol entscheet. Den Jackson an de Guerreiro hu fir den Endstand vu 5:0 aus Münchener Siicht gesuergt. Domat hunn d'Bayern elo virun de leschte 5 Spilldeeg eng Avance vun 12 Punkten op déi 2. Plaz, soudass si nächste Weekend schonn de Championstitel feiere kéinten.
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.