Den ominéise leschte Fräiworf an der Partie tëscht Esch an Diddeleng gëtt den Owend ausgedroen.
Esch geet mat engem 30 op 29 Avantage op den Terrain an Diddeleng huet just mat deem leschte Fräiworf nach d‘Chance, auszegläichen.
Wie sech dës eemoleg Decisioun net wëllt entgoe loossen, huet den Owend Rendez-vous zu Lalleng an der Hal vum HBE. Um 20.15 Auer wäerten d’Dieren opgoen, bei fräiem Entrée. D’Buvette wäert op sinn, an den HBE wäert nieft engem spezielle “One Shot” och eng Rei Spiller ubidden, bei deene sech d’Visiteuren an eng änlech Situatioun wéi d’Spiller versetze kënnen. Déi Diddelenger fir hiren Deel huelen d’Saach och ganz eescht, an hunn zwee Spiller, déi fir de Worf a Fro kommen. No engem Training an eegener Hal wäert d’Ekipp zesummen op Esch fueren.