No Néierlag géint d'UkrainPaul Philipp: Lëtzebuerg leet am Laf vum Dënschdeg Protest an

RTL Lëtzebuerg
Bei den Ukrainer koum nämlech, grad ewéi am Match géint Portugal, e Spiller zum Asaz, deen net spillberechtegt war ...
Futtball: Lëtzebuerg verléiert géint Ukrain
Dobäi kéint et awer sinn, datt déi Rout Léiwen um gréngen Dësch nach 3 Punkte kréien.

D’Rout Léiwen haten d’Partie an der EM-Qualifikatioun jo e Méindeg den Owend onglécklech 1:2 géint d’Ukrain verluer. Elo kéinte se nodréiglech um gréngen Dësch wannen. Dat schreift ënnert anerem d’Équipe um Dënschdeg.

D’Ukrain huet nämlech géint Lëtzebuerg an och scho géint Portugal de Junior Moraes agesat. De Brasilianer huet sech naturaliséiere gelooss an huet déi ukrainesch Nationalitéit ugeholl. D’FIFA-Reglement gesäit vir, datt een dofir 5 Joer ouni Ënnerbriechung am Land muss gelieft hunn. Beim Junior Moraes solle 4 Méint feelen.

Op Nofro hin huet d’FLF confirméiert, datt ee “méi wéi sécher” géif Protest aleeën. Et hätt ee festgestallt, wat geschitt wär, doropshin hätt ee sech mat der portugisescher Federatioun ofgeschwat.

“E Protest-Schreiwes geet am Laf vum Dënschdeg eraus”, esou den FLF-President Paul Philipp am RTL-Interview.

D’FLF leet haut nach Protest an, de President Paul Philipp

Wann d’Uefa sech där Saach unhëlt an tranchéiert, kéinte Portugal a Lëtzebuerg allkéiers 3 Punkten zougesprach kréien.

De Junior Moraes
De Junior Moraes
© Val Wagner

Matdeelung vun der FLF

EURO 2020, match de qualification Luxembourg – Ukraine, 25.3.3019

La FLF a été informée hier soir après le match contre l’Ukraine par différentes sources qu’il y aurait des sérieux doutes en ce qui concerne l’éligibilité du joueur Junior Moraes, qui a été aligné hier soir par la sélection ukrainienne lors du match contre le Luxembourg.

Après avoir examiné ces informations et les statuts de la FIFA en question (Eligibility to play for representative teams), la FLF a décidé à déposer encore aujourd’hui un protêt auprès de l’UEFA contre la validation du résultat du match Luxembourg – Ukraine du 25 mars 2019.

RTL NEWS: Lëtzebuerg verléiert onglécklech 1:2 géint d’Ukrain

Back to Top
CIM LOGO