Am 1. Tour vum Haapttableau huet d'Eléonora Molinaro e Mëttwoch mat 6:7 an 0:6 géint d'Harriet Dart aus Groussbritannien verluer.

D'Lokalmatadorin ass beim Tournoi zu Sunderland op 1 gesat. Déi jonk Lëtzebuergerin war awer gutt an de Match erakomm. Si louch am éischte Saz nach mat 4:2 vir, éier d'Harriet Dart opgedréint huet. D'Molinaro huet sech nach an den Tiebreak gerett kritt, do war si awer mat 1:7 ënnerleeën. Am zweete Saz hat d'Spillerin vun der Schéiss dunn näischt méi ze gutt an do ass si mat 0:6 ënnergaangen.

Beim nämmlechten Tournoi koum et awer nach zu engem ganz spektakuläre Match. D'Tara Moore louch mat 0:6 an 0:5 hannen an hir Géignerin, d'Jessika Ponchet hat Matchball. Dunn ass hir e geckege Comeback gelongen, well si konnt d'Partie dunn nach mat 0:6, 7:6 a 6:3 gewannen.