WTA-TournoiMandy Minella wënnt am 1. Tour zu Prag

RTL Lëtzebuerg
Gudden Optakt fir d'Mandy Minella (WTA-100) beim WTA-Tennis-Tournoi zu Prag an der Tschechescher Republik.
© pressphoto Archiv

Déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora wënnt am 1.Tour vum Haapttableau an 2 Sätz, 6:3 a 6:1 géint d’Jasmine Paolini (WTA-175) aus Italien. Am 2. Tour kritt si et elo awer mat enger ganz schwéierer Géignerin ze dinn an zwar mam Wang Qiang. Déi 27 Joer al Chinesin steet nämlech op Plaz 16 an der Weltranglëscht.

Back to Top
CIM LOGO