Handball-Coupe: Auslousung 1/4-FinallenRed Boys géint Käerjeng bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme kënnt et an de 1/4-Finalle vun der Coupe zum Spëtzematch tëscht Dikrech a Käerjeng.
© FLH / Facebook

Den 30. November an den 1. Dezember gi bei den Hären an den Dammen d'1/4-Finalle vun der Coupe de Luxembourg am Handball gespillt. Bei den Häre kritt den Titelverdeedeger HB Esch et mam Museldall aus der Promotioun ze dinn. Bei den Dammen ass den Titelverdeedeger Käerjeng zu Dikrech op Besuch.

Den Iwwerbléck vun de Partië bei den Hären:

HB Diddeleng (AL) - HB Péiteng (AL)
Red Boys Déifferdeng (AL) - HB Käerjeng (AL)
HB Museldall (PR, +3) - HB Esch (AL)
HB Miersch (PR, +3) - HC Bierchem (AL)

Den Iwwerbléck vun de Partië bei den Dammen:

HC Standard (AL) - HB Diddeleng (AL)
Red Boys Déifferdeng (AL) - HB Museldall (AL)
Chev Dikrech (AL) - HB Käerjeng (AL)
HB Beetebuerg (PR, +3) - HB Esch (AL)

Back to Top
CIM LOGO