Bei den Häre ka sech Ettelbréck kloer géint Diddeleng behaapten a bei den Damme wënnt den T71 auswäerts an den Däichwise géint d'Etzella mat 80:69.

Um Sonndeg war et d'Suite vum 12. Spilldag am nationale Basket. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme war Diddeleng op Besuch zu Ettelbréck.

E Samschdeg den Owend goufe schonn d'1/2-Finallen an de Coupe gezunn - mat dëse Matcher.

Härebasket

Etzella Ettelbréck - T71 Diddeleng  96:71 (52:33)

D'Gäscht vun Diddeleng haten de besseren Depart a louchen direkt mat 4:0 a Féierung. D'Etzella ass awer lues a lues ëmmer besser an de Match komm a sou hu si den 1. Véierel mat 23:16 fir sech entscheet. Am 2. Quarter huet d'Lokalekipp ënnert dem Impuls vum Jairo Delgado, deen direkt e puer Dräier getraff huet, en 22:6 Laf realiséiert. An der Paus haten d'Spiller vum Trainer Basic e Virsprong vun 19 Punkten. 52:33 huet den Tableau no 20 Minutten ugewisen. Bei Diddeleng ass souwuel an der Offensiv wéi och an der Defensiv net all ze vill zesummegelaf, sou huet de Schumacher an deenen éischten 2 Quartere kee Punkt geschoss.

An der 2. Hallschent war et e bësse méi en ausgeglachene Match, virun allem well den Devon Dority beim T71 Verantwortung iwwerholl huet. Trotz alle Beméiunge sollt de Retard awer net méi kleng ginn. Diddeleng war de ganze Match iwwer net an der Lag, eppes géint de séiere Basket vun der Etzella entgéintzesetzen. D'Etzella klappt den T71 mat 96:71 a mellt sech no 2 Néierlagen erëm zeréck.

Sparta Bartreng - Arantia Fiels 103:84 (43:38)

Bartreng wollt géint d'Arantia aus der Fiels virum eegene Public punkten an dat huet een och vun Ufank u gemierkt. D'Gäscht hunn iwwerdeems ufanks net an de Rhythmus fonnt an och hir Schëss ware sécher nach net nom Goût vum Coach Carroll. D'Fiels konnt sech quasi nëmmen iwwer Eenzelaktiounen an Evidenz setzen an huet och vill Distanzschëss net kënnen ënnerbréngen. An awer blouf d'Arantia nom 1. Véierel mat engem 18:25 op d'mannst nach theoretesch am Match. Kuerz virun der Paus hat de Coach Carroll bei engem Time-out vu senger Ekipp déi richteg Wierder fonnt a seng Jonge waakreg gerëselt. D'Arantia huet een anert Gesiicht gewisen a koum op 43:38 erun.

An der 2. Hallschecht goung et am Centre Atert spannend weider, well d'Fiels gutt aus de Kabinne koum. D'Sparta huet awer dogéint gehalen a sech den 3. Véierel ënnert dem Impuls vun engem staarken Dean Gindt an Adrian Rodgers mat 31:21 geséchert. Dëse Score war de K.O. fir d'Fielsser, well d'Partie am leschte Véierel a Richtung Bartrenger Victoire goung. Sparta konnt och am leschte Véierel de Score weider eropschrauwen an um Enn souverän héich gewannen.

Hiefenech - AB Conter 74:70 (37:24)

D'Heemekipp wollt géint den ABC an der eegener Hal gutt opspillen a mat enger Victoire wichteg Punkte sammelen. Am 1. Véierel goung et op an of, Hiefenech konnt sech op 4 Zieler mat 19:15 behaapten an nach méi däitlech goung et am 2. Véierel weider. 18:9 stoung no den zweeten 10 Minutten um Tableau, soudatt et mat enger agreabeler 37:24-Féierung fir d'Hiefenecher an d'Paus goung.

Am Kellerduell goung et an der 2. Hallschecht spannend weider, well Conter sech zeréck an de Match gekämpft huet. D'Jonge vum Coach Love koumen am 3. Véierel mat engem 16:15 nees zeréck an de Match a ware spéitstens no engem fulminante Run am leschte Véierel nees voll an der Partie. Ënnert dem Impuls vum Max Schmit konnt Hiefenech d'Féierung awer ausbauen an um Enn, och wa Conter ni opginn huet, verdéngt gewannen.

Amicale Steesel - Musel Pikes 71:89 (39:44)

D'Lokalekipp wollt géint gutt opgeluechte Miseler an der eegener Hal eppes Zielbares erreechen, ma mat de Musel Pikes als Géigner hat een awer eng zolidd Ekipp virun der Broscht. Goung den 1. Véierel nach mat 23:21 fir d'Pikes aus, esou war den 2. Véierel mat 21:18 ebenfalls fir d'Miseler. Nom Téi huet d'Amicale eng Schëpp missen dropleeën, fir zeréck an d'Partie ze fannen. An der 2. Hallschecht ass der Ekipp vum Coach Pires d'Zäit fortgelaf, d'Amicale huet sech schwéier gedoen an sech um Enn misse géint ze staark Pikes geschloe ginn.

Basket Esch - Racing 67:59 (30:27)

De Leader Esch krut et e Samschdeg mam Stater Racing ze dinn an dës Partie war vun Ufank u ganz spannend. Den 1. Quarter goung nämlech mat 13:13 op en Enn an och am 2. war et mat engem 17:14 fir d'Lokalekipp knapp. No den 3 Punkte Virsprong no den éischten 20 Minutte goung et serréiert no der Paus weider. Esch huet awer näischt géint déi Stater ubrenne gelooss a konnt sech schliisslech op 8 Zieler behaapten.

Dammebasket

Etzella Ettelbréck - T71 Diddeleng 69:80 (41:49)

D'Gäscht vun Diddeleng si besser an de Match komm a sou louche si no 3 Minutte mat 13:5 vir. Der Etzella ass duerno eng Reaktioun gelongen a sou ass den 1. Véierel aus der Siicht vun der Lokalekipp mat 22:25 op en Enn gaangen. Och am 2. Véierel ass den T71 nees besser gestart a sou louchen déi Diddelengerinnen an der Hallschent mat 49:41 an den Däichwise vir. D'Damme vun der Etzella hu sech och am 3. Véierel net hänke gelooss a sou stoung et virum leschte Véierel 60:65 aus der Siicht vun der Lokalekipp. Diddeleng huet hire Virsprong weider gutt geréiert kritt, sou dass sech den T71 mat 80:69 zu Ettelbréck konnt duerchsetzen.

Basket Esch - Gréngewald 65:71 (34:39)

De Champion aus dem Gréngewald koum gutt an den 1. Véierel a konnt dëse mat 23:16 op en Enn bréngen. De Basket Esch konnt direkt drop eng Reaktioun weisen an ass mat engem 18:16 am 2. Véierel zeréckkomm. An och nom Téi waren et déi Escher Dammen, déi ee Véierel-Gewënn, déi Kéier vu 16:14, verzeechne konnten. An dem leschte Quarter huet de Gréngewald dunn op de Gas gedréckt, de Véierel mat 18:15 gewonnen an domat d'Partie fir sech entscheet.

Amicale Steesel - Musel Pikes 47: 62 (27:31)

Zu Steesel waren et d'Miseler Dammen, déi besser an d'Partie gestart sinn. Si hunn den 1. Quarter mat 18:16 an den 2. mat 13:11 gewonnen. D'Amicale huet no der Paus missen een anert Gesiicht weisen, ma et waren awer weiderhin d'Pikes, déi mat engem 11:6 am 3. Véierel den Toun uginn hunn. Bei der Amicale louch de Rimm erof a sou konnten d'Miseler am leschte Quarter de Sak mat engem 20:14 zoumaachen.

Telstar Hesper - AB Conter 76:86 (44:42)

Um Holleschbierg hat den Telstar den ABC op Besuch an d'Partie ass direkt mat engem 24:22 am 1. Véierel zu Gonschte vun den Hesper Dammen ausgaangen. Et war eng ganz serréiert Partie, déi nom 20:20 am 2. Véierel mat engem 44:42 an d'Paus goung. Am weidere Verlaf blouf Conter um Drécker an huet sech souwuel den 3. Véierel mat 17:16, wéi och dee leschte mat 27:16 fir sech entscheet.

Sparta Bartreng - Résidence Walfer 51:73

Den Iwwerbléck vun der Nationale II