BasketPikes suerge fir 1. Defaite vun Esch, Steesel geet beim T71 ënner

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war den 13. a leschte Spilldag fir 2019 an der Total League am Basket.
© Tom Hoffmann / RTL Télé Lëtzebuerg

Bei den Hären huet de Basket Esch e Freideg den Owend um 13. Spilldag deen éischte Match am Championnat an dëser Saison verluer. Déi Escher hu sech op der Musel misse mat 66:78 geschloe ginn. E grausamen Dag haten donieft déi Steeseler erwëscht. Beim T71 Diddeleng krut ee kee Fouss op de Buedem an esou huet een héichverdéngt mat 43:105 de Kierzere gezunn. Hiefenech huet iwwerdeems den Derby an der Fiels gewonnen an den Doublé-Gewënner schléisst no enger Victoire géint Conter dëst Joer mat enger Victoire of.

Bei den Damme steet de Gréngewald iwwert d’Feierdeeg op der 1. Plaz an der Tabell. De Lëtzebuerger Champion huet sech 84:62 géint d’Sparta Bartreng duerchgesat. Mat engem Punkt Retard kommen d’Etzella an den T71 Diddeleng op de Plazen 2 an 3. Déi Ettelbréckerinnen hu sech e bëssen iwwerraschend misse mat 53:62 géint Conter geschloe ginn. Den T71 Diddeleng huet sech dogéint knapp mat 85:80 géint Steesel duerchgesat.

Hären-Basket

T71 Diddeleng - Amicale Steesel 105:43 (28:16, 33:13, 24:9, 20:5)

Guer keng Chance hat e Freideg den Owend d’Amicale zu Diddeleng. Zu kengem Ament hunn d’Gäscht an de Match fonnt an esou gouf et eng kloer a verdéngten 105:43-Victoire fir den T71 Diddeleng.

Direkt an den éischte Minutte vum Match konnt sech d’Lokalekipp ofsetzen. No 3 Minutte stoung et 12:2, bis zum Enn vum éischte Véierel ass dës Avance op 12 Punkten ugewuess an et stoung 28:16. Bis d’Paus hunn déi Diddelenger hiert Spill weider duerchgezunn an d’Ekipp vum Alexandre Pires net an de Match komme gelooss. E Kuerf nom aneren ass gefall an esou stoung et an der Paus 61:29 fir den T71.

Och an der zweeter Hallschent huet sech um Bild näischt geännert. Beim T71 huet d’Spill fonctionéiert, bei der Amicale war keng Spuer dovunner ze gesinn. Ëmmer weider hunn déi Diddelenger de Virsprong ausgebaut, fir um Enn de Match mat 105:43 ze gewannen.

Conter - Etzella Ettelbréck 80:110 (19:28, 15:25, 21:24, 25:33)

Den Doublé-Gewënner Ettelbréck schléisst d’Joer 2019 mat enger klorer Victoire of. No duerchwuessene leschte Wochen, an deenen et ongewéinlech vill Néierlage gouf, huet een e Freideg souverän mat 110:80 gewonnen.

Direkt an der éischter Hallschent hat d’Ekipp aus den Däichwisen de Grondsteen fir dës Victoire geluecht. An den éischten 10 Minutte loung ee mat 28:19 a Féierung, fir de Virsprong bis d’Paus op 53:34 zu Conter auszebauen.

An de Véierel 3 a 4 hunn dem Kresimir Basic seng Jongen d’Fiedem weider an hiren Hänn behalen a Conter net an de Match komme gelooss. Mat engem Virsprong vun 22 Punkten ass et an déi lescht 10 Minutte gaangen. Hei sollt näischt méi geschéien, sou datt d’Etzella kloer mat 110:80 d’Punkte mat heem geholl huet.

Musel Pikes - Basket Esch 78:66 (17:16, 17:11, 25:21, 19:18)

E sou wollt de Basket Esch sécherlech net an d’Wanterpaus goen. E Freideg den Owend huet een de Spëtzematch op der Musel mat 78:66 verluer. Fir déi Escher ass et an dëser Saison déi éischt Néierlag am Championnat. D’Pikes hunn no enger staarker Leeschtung nees gewisen, datt och mat hinnen dës Saison ze rechnen ass.

Et war eng enk Partie tëscht béiden Ekippen. No den éischten 10 Minutte loungen d’Musel Pikes mat engem Punkt a Féierung. Bis d’Paus konnten déi Miseler dëse Virsprong allerdéngs weider ausbauen an dat op 34:27. No der Paus ass et deenen Escher net gelongen, fir nach eng Kéier un d’Lokalekipp erunzekommen, am Géigendeel de Réckstand ass weider méi grouss ginn. Um Enn verléiert Esch de Match bei de Pikes mat 66:78.

Extrait Chris Wulff (Trainer Musel Pikes)

© Shari Shenten

Racing - Sparta 69:80 (9:27, 24:22, 23:13, 13:8)

De Racing hat de Start an de Match géint d’Sparta komplett verpasst an esou loung een no den éischten 10 Minutte mat 9:27 hannen. Am zweete Véierel ass et du besser gelaf an et war ee Match op Aenhéicht, ma wou de Racing de Réckstand nëmme minimal konnt verréngeren. Mam Tëschestand vun 33:49 aus Siicht vun der Lokalekipp ass et an d’Paus gaangen.

Am drëtte Véierel ass et dem Racing gelongen, fir de Réckstand weider ze verkierzen an esou loung ee virun deene leschten 10 Minutten nëmmen nach mat 56:62 hannen. Déi Bartrenger hu sech dunn allerdéngs nach eng Kéier zesummegerappt an d’Lokalekipp net méi erukomme gelooss. D’Sparta huet um Enn mat 80:69 gewonnen.

Fiels - Hiefenech 76:81 (14:22, 32:16, 16:15, 14:28)

D’Fiels huet sech am Derby géint Hiefenech knapp mat 76:81 misse geschloe ginn. D’Gäscht séchere sech domadder déi wichteg Punkten an der Course ëm den Titelgrupp.

Dammen-Basket

Conter - Etzella 64:53 (19:13, 20:11, 10:17, 15:12)

T71 Diddeleng - Amicale Steesel 85:80 (25:19, 22:20, 14:16, 24:25)

Musel Pikes - Basket Esch 56:65 (13:15, 17:21, 13:8, 13:21)

Gréngewald - Sparta Bartreng 84:62 (24:5, 18:18, 20:13, 22:26)

Résidence Walfer - Telstart Hesper 100:55 (28:17, 26:13, 30:13, 16:12)

Den Iwwerbléck vun der Nationale II

Rebound
De Basket Magazin vun der Télé, mat Analyse vun de Matcher, Youth Corner, Portaiten a Reportagen

Back to Top
CIM LOGO