Mat engem klore 4:0 gewënnt Diddeleng géint den Houwald a séchert sech domadder d'Coupe bei den Hären.

Um Sonndeg gouf zu Hesper um Holleschbierg d'Finall vun der Coupe de Luxembourg gespillt an do konnt sech den DT Diddeleng mat 4:0 duerchsetzen.

Wéi erwaart konnt sech de Zoltan Fejer-Konnerth am éischte Match géint de Marc Dielissen mat 3:1 duerchsetzen. Am Parallelmatch war den Irfan Cekic mat 2:0 a Féierung, mee dono ass de Gilles Michely besser an de Match komm, konnt de Match dréinen a gewënnt nach mat 3:2. A sengem zweete Match huet de Zoltan Fejer-Konnerth och dem Irfan Cekic keng Chance gelooss an däitlech mat 3:0 gewonnen. Am leschte Match ass et dem Xu Wang net gelongen, den Dennis Müller ze schloen a verléiert dëse Match mat 1:3.

Bei den Dammen konnt sech an engem méi enke Match Nidderkäerjeng mat 4:2 géint Rued duerchsetzen. Den DT Rued war als Titelverdeedeger an de Match gaangen, huet awer missen op hir Nummer 1, d'Dani Konsbruck verzichten déi blesséiert ass. Nawell konnte si déi éischt zwee Matcher fir sech entscheeden, do war et nämlech d'Annick Stammet, déi sech iwwerraschend géint d'Anelia Lupulesku duerchsetze konnt. Virdrun hat schonns d'Tessy Gonderinger mat 3:0 géint d'Lena Grein gewonnen. Dono huet Nidderkäerjeng awer opgedréint. D'Egle Tamasauskaite an d'Lena Grein konnten allebéid d'Christine Konsbruck klappen, d'Egle Tamasauskaite huet mat 3:1 géint d'Annick Stammet gewonnen an d'Anelia Lupulesku konnt iwwerraschend d'Tessy Gonderinger klappen, esou dass Nidderkäerjeng mat 4:2 gewënnt.