
Am Interview ass de Spiller vum SC Paderborn op d’Preparatioun agaangen an huet iwwer seng méiglech “nei” Positioun an der Ekipp vum Opsteiger geschwat.
Et gesäit esou aus, wéi wann de Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp op der lénkser Ofwiersäit an den Asaz géif kommen, op d’mannst emol bis de Collins, dee gespaart ass, nees zeréckkënnt. Eng Positioun, déi de Laurent Jans awer gutt kennt, huet hien déi nämlech schonn ënner anerem och bei der FLF-Selektioun gespillt.
Da gesäit et jo fir den SC Paderborn a punkto Maintien an der ieweschter däitscher Liga net extreem gutt aus. Zwar konnt ee kuerz viru Chrëschtdag notamment géint Frankfurt gewannen a géint Dortmund gläichspillen - an der 1. Bundesliga ze bleiwen, dierft awer ganz schwiereg ginn. Ma de ganze Veräin géif awer nach dru gleewen, esou de Laurent Jans.
Dofir gëllt et, fir de Start an d’Réckronn net ze verschlofen. Fir de Kont vum 18. Spilldag kritt et den Opsteiger mat Bayer Leverkusen ze dinn - ee Géigner, deen een op Paderborner Säit awer kengesfalls fäert.
De Laurent Jans wëllt iwwerdeems net ze wäit no vir kucken. Hie konzentréiert sech elo mol op déi nächst Aufgaben a wëll seng Faarwe gutt vertrieden - ob dat elo hanne riets oder hanne lénks ass, wier zweetrangeg.
RTL NEWS: Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Moris, Malget a Joachim gewanne mat Virtron 2:0