BasketDe Clancy Rugg krut de "Feu vert", fir a Lëtzebuerger Nationalequipe ze spillen

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, datt de Clancy Rugg de "Feu vert" vun der FIBA krut fir an Zukunft fir d'Lëtzebuerger Nationalequipe ze spillen.
© Maya a Robert Straus

Den US-Amerikaner vum Basket Esch huet zanter e puer Wochen de Lëtzebuerger Pass an krut um Méindeg d’Erlabnis vun der internationaler Basketfederatioun, fir schonns bei den Matcher elo am Februar dobäi ze sinn.

D’FLBB-Selektioun spillt den 20. Februar auswäerts an der Slowakei an den 23. Februar an der Coque géint de Kosovo an der Pre-Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2023.

Back to Top
CIM LOGO