Wéinst der Virbereedung op d'Pre-Qualifiers ass de Weekend kee Match an der Total League gespillt ginn.

D'Nationalekipp bei den Häre spillt nämlech en Donneschdeg hiren éischte Match an de Pre-Qualifiers fir d'Weltmeeschterschaft 2023. No enger gudder EM-Kampagne wëll d'Ekipp vum Ken Diederich och weiderhin international fir déi eng oder aner Iwwerraschung suergen.

D'Pre-Qualifiers vun am Ganzen 8 europäeschen Ekippe lafe vun en Donneschdeg u bis an de Februar 2021. Pre-Qualifiers ginn et well d'FIBA vermeide wëll, dass déi ganz kleng Länner an der Qualifikatioun zum Beispill direkt géint Däitschland oder Frankräich spillen.

D'Rout Léiwe spillen am Grupp B géint Island, Slowakei an de Kosovo, wou et keen einfache Géigner gëtt. De Ken Diederich, Trainer vun der Nationalekipp, beschreift de Grupp als eng ''Challenge'', awer och als e ''flotte Grupp''.

Den éischte Match gëtt en Donneschdeg zu Bratislava géint d'Slowakei, de Favorit vum Grupp, gespillt. De Ken Diederich weess, dass dat keng einfach Aufgab wäert ginn. Ma d'Lëtzebuerger sinn awer ëmmer nees fir eng Iwwerraschung gutt, wéi zum Beispill d'Sëlwermedail  bei de Spiller vun de klenge Länner oder d'Victoirë géint Zypern an de Kosovo.

Mam Clancy Rugg als Topscorer vun der Total League huet ee sech verstäerkt, nodeems dës Woch den definitiven Accord ginn ass, fir Lëtzebuerg opzelafen ze kënnen. Den 28-Jähregen ass fir d'Ekipp op deenen zwou Säite vum Terrain goldwäert.

Mat 3 Victoiren an den 3 leschte Joer war d'Evolutioun vun der Lëtzebuerger Nationalekipp méi wéi positiv a sou hofft een dass et genau sou gutt bei de Pre-Qualifiers weidergeet.