Steesel wënnt enke Match géint de Gréngewald

© Pressphoto (Archiv)
An engem ganz spannenden an enke Match wënnt d'Amicale Steesel mat 75:74 duerch e Kuerf a leschter Sekonn géint de Gréngewald.
E Samschdeg den Owend war am Damme- Basket ee Match vum 3. Spilldag an der Titelgrupp an ee Match vum 2. Spilldag am Playdown.
Dammen-Basket
Playoff
Amicale Steesel - Gréngewald 75:74
D'Amicale ass ganz gutt an de Match gestart, hunn de Kuerf gutt getraff a konnten sech am 1. Véierel soumadder e Virsprong vu 7 Punkten erausspillen. De Gréngewald ass dann awer besser an déi zweet 10 Minutte erakomm a konnten de Réckstand bis op 2 Punkten verkierzen sou dat et mat engem 39:37 fir Steesel an d'Paus gaangen ass.
Och no der Paus ass de Match spannend bliwwen mee de Gréngewald war elo richteg lancéiert a konnt am 3. Véierel a Féierung goen nodeems se e klenge Laf haten a mat engem Virsprong vu 7 Punkten an de leschte Véierel gaange sinn. D'Amicale wollt sech awer net sou einfach geschloe ginn an hunn an de leschten 10 Minutten nees eng Reaktioun gewisen a konnten de Match nees eng kéier dréinen. An de leschte Minutten a Sekonnen kruten d'Spectateuren dann nach e richtege Krimi ze gesinn wëll réischt mat der leschter Aktioun konnt Steesel den entscheedende Kuerf schéissen a mat 75:74 gewannen.
Bescht Spillerin bei Steesel war d'Leah Scot mat 36 Punkten an 10 Rebounds. Mee och déi zweet Amerikanerin hat mat 20 Punkten, 16 Rebounds a 5 Assists e wesentlechen Undeel un dëser Victoire
Playdown
Konter - Musel-Pikes 58:64
Och hei war et e spannende Match wou keng Ekipp där anerer eppes schenke wollt. Am leschte Véierel sinn net méi vill Punkte gefall, allerdéngs war Konter nach eng kéier erukomm mee an de Schlussminutten hunn d'Musel-Pikes d'Nerve behal a konnten sech d'Victoire sécheren.