BasketRacing wënnt iwwerraschend géint d'Musel Pikes

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend goufen am nationale Basket-Championnat bei den Hären zwou Partië gespillt.

Am Playoff huet den Tabelleleader Musel Pikes sech nawell iwwerraschend beim Stater Racing misse geschloe ginn. Am Playdown feiert d’Sparta eng kloer Victoire géint den Telstar.

Playoff

Racing - Musel Pikes 74:67

Et war vun Ufank un eng ganz spannend Partie. Obwuel d’Musel Pikes als Favorit an de Match gaange sinn, war gewosst, dass et net géing einfach ginn. Nom éischte Véierel louchen d’Gäscht vun der Musel nëmme knapps mat engem Punkt vir. Am zweete Véierel war et weider spannend, mat liicht Virdeeler op Säite vum Racing, esou dass si an der Paus 1 Punkt am Avantage waren. Am drëtte Véierel konnte si sech dunn eng Avance vu 5 Punkten erausspillen, ier si mat engem 11:2-Laf an de Schlussvéierel gestart sinn. Domat hate si eng Avance vu 14 Punkten an och wann d’Pikes nach eemol ophuele konnten, ass et net duergaangen, fir de Match nach ze dréinen, esou dass de Racing um Enn gewënnt.

Playdown

Sparta Bartreng - Telstar Hesper 104:82

Back to Top
CIM LOGO