An der 2. Partie vum Titelgrupp gouf et een däitlechen 102:63-Succès fir de Basket Esch doheem géint d'US Hiefenech.

Am Titelgrupp vum Härebasket war e Mëttwoch den Owend de 4. Spilldag. Hiefenech ass beim Basket Esch ugetrueden, huet do eng héich Néierlag missen astiechen. Zu Diddeleng war et d'Affiche aus der Finall vun zejoert, déi d'Formatioun aus dem Däich fir sech entscheede kann.

Nom dem Erfolleg vun Esch e Mëttwoch gëtt e Samschdeg bei der Partie tëscht de Minetter an de Musel Pikes déi 1. Plaz am Titel-Playoff ausgemaach.

Härebasket

Playoff

T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 74:80 (35:44)

D'Affiche vun der Finall vun zejoert stoung e Mëttwoch den Owend ënnert engem anere Liicht. Ettelbréck ass als Favorit an dës Partie gaangen, konnt ee sech dach an de leschte Wochen erkréien a sech an e gudde Rhythmus spillen. Anescht wéi d'Diddelenger, déi net méi esou richteg am Jus sinn.

D'Etzella ass dann och gutt gestart, ma krut mat engem 8-Punkte-Run vum Frank Muller séier de Wand aus de Seegele geholl. Ma déi Ettelbrécker haten awer gutt zwee éischt Véierel gesinn: den 1. huet ee mat 21:17 an den 2. mat 23:18 fir sech konnten entscheeden - 44:35 fir d'Gäscht an der Paus.

Den 3. Véierel huet dunn awer mat 19:13 der Ekipp aus der Forge du Sud gehéiert an esou ass et an eng spannend Schlussphas gaangen - mat dem besseren Enn fir Ettelbréck. D'Formatioun aus dem Däich hat nämlech déi néideg Portioun Ressuite op hirer Säit, konnt de leschte Véierel mat 23:20 fir sech entscheeden an d'Victoire schliisslech mat heem huelen.

Basket Esch - US Hiefenech 102:63 (54:29)

An der Partie tëscht Esch an Hiefenech war d'Ekipp aus der Minettsmetropole kloer favoriséiert. Hiefenech ass jo e bëssen iwwerraschend an den Titelgrupp gerëtscht, Esch wollt iwwerdeems virum eegene Public näischt ubrenne loossen. D'Form den Escher war dann och e Mëttwoch den Owend um Rendez-vous.

D'Lokalekipp war vun Ufank u gutt ënnerwee a konnt an enger eesäiteger Partie den 1. Véierel mat 26:15 fir sech entscheeden. Och am 2. Véierel (28:14) huet d'Kierpersprooch gestëmmt an et ass virun allem aus enger zolitter Defense eraus no vir gespillt ginn: 54:29 no den zweeten 10 Minutten.

Esch huet de Gäscht am 1. Duerchgang richteg wéigedoen an och no der Paus huet den Zenario net wierklech changéiert. Den 3. Véierel goung déi Escher mat 23:18 op en Enn an och an de leschten 10 Minutte konnt Hiefenech d'Käschten net méi aus dem Feier huelen, och wann d'Gäscht de 4. Véierel mat 21:20 fir sech entscheede konnt.

Playdown

AB Conter - Arantia Fiels 104:96

Amicale Steesel - Résidence Walfer

AS Zolwer - Black Star Miersch 64:57