De Basket Esch klappt d'Musel Pikes a séchert sech 1. Plaz

© Pressphoto
Diddeleg klappt de Racing an Ettelbréck wënnt géint Hiefenech. Bei den Dammen wannen Diddeleng, Ettelbréck a Steesel.
Am Basket war et de leschte Spilldag vun der Tëscheronn an do konnt sech de Basket Esch mat 86:82 géint d'Musel-Pikes duerchsetzen, si séchere sech domadder déi 1. Plaz a stinn an der Halleffinall. Mee och d'Musel Pikes stounge virum leschte Spilldag schonn als Halleffinalist fest.
An de Véierelsfinallen trëfft d'Etzella Ettelbréckop Hiefenech an Diddeleng spillt géint de Racing woubäi dës am Best-of-three-Modus gespillt ginn an Ettelbréck an Diddeleng den Heemvirdeel hunn. Sollt et also zum drëtte Match kommen, spillen Si dësen eng zweet kéier doheem.
An der Halleffinall spillt dann de Basket Esch entweder géint Diddeleng oder de Racing an d'Musel Pikes kréien et mat Ettelbréck oder Hiefenech ze dinn.
Hären-Basket
Playoff
Musel Pikes - Basket Esch 82:86
Et war e ganz spannende Match tëscht den zwou Spëtzenekippen Musel Pikes a Basket Esch. Am éischte Véierel konnten déi Escher sech e Virsprong erausspillen, mee déi Miseler hunn eng Reaktioun gewisen a konnt de Réckstand verkierz sou dat et mat engem 24:20 fir Esch an den zweete Véierel gaangen ass. Hei huet d'Heemekipp do weidergemaach wou se am éischte Véierel opgehalen haten a sou konnten se elo ausgläichen an et ass mat engem 40:40 an d'Paus gaangen.
Och no der Paus ass et en héichklassege Match mat ganz vill Spannung bliwwen, well et ass tëscht deenen zwou Ekippen ëm déi 1. Plaz an der Tabell gaangen. D'Musel Pikes konnte sech e bëssen ofsetzen mee déi Escher hunn direkt nees eng Reaktioun gewisen a sinn nees un d'Miseler erukomm. Dono konnt sech keng Ekipp ofsetzen an et ass ëmmer enk bliwwen. An de leschte Sekonnen hunn déi Escher sech mat 2 staarke Kierf en Avantage vun 3 Punkten erausgespillt bei just nach 30 Sekonne ze spillen. Vun der 3er-Linn konnten d'Musel Pikes dono net treffen an domadder huet Esch de Match mat 86:82 gewonnen.
T71 Diddeleng - Racing 79:72
Eng serréiert éischt Hallschent kruten d'Spectateuren zu Diddeleng ze gesinn wéi keng vun den zwou Ekippen där anerer eppes wollt schenken an et konnt sech och keng Ekipp ofsetzen sou datt et mat 36:37 an d'Paus gaangen ass.
No der Paus ass de Racing dann awer vun den Diddelenger quasi iwwerrannt ginn an d'Heemekipp huet sech en däitlechen Avantage erausgespillt nodeems se dëse mat 30:12 fir sech entscheet hunn. Mee am leschte Véierel wollt de Racing dëse Match net einfach verschenken a konnt de Retard dann och nees verréngeren. Allerdéngs ass et awer net ganz duergaangen, fir nach eng kéier richteg geféierlech ze ginn, an Diddeleng wënnt mat 79:72.
Etzella Ettelbréck - Hiefenech 97:86
D'Etzella huet eng ganz staark éischt Hallschent gespillt an huet immens gutt de Kuerf getraff, sou datr se nom 1. Véierel mat 33:22 a Féierung louchen. Och am 2. Véierel konnte se de Virsprong bis op 17 Punkte weider ausbauen, sou dat et mat 57:40 an d'Paus gaangen ass. No der Paus konnten déi Hiefenecher besser mathalen mee konnten de Réckstand awer net verréngeren. Am leschte Véierel huet d'Etzella dëse Virsprong och net méi hierginn a gewannen mat 97:86
Playdown
Black Star Miersch - Arantia Fiels 91:99 (26:21, 19:28, 20:25, 26:25)
Telstar Hesper - Residence Walfer 90:86 (27:19, 15:14, 17:19, 20:27, 11:7)
Amicale Steesel - Sparta Bartreng 97:80 (23:25, 29:14, 29:21, 16:20)
AB Konter - AS Zolwer 88:75 (22:17, 27:21, 12:21, 27:16)
Dammen-Basket
Playoff
T71 Diddeleng - Gréngewald 79:74
An der éischter Hallschent war den T71 liicht besser a konnt domadder mat engem Virsprong vu 6 Punkten an d'Paus goen. No der Paus konnt de Gréngewald dann nach eng kéier bis op 2 Punkten erukommen mee Diddeleng sollt sech direkt nees e Virsprong erausspillen an hunn dunn an de leschte Minutte näischt méi ubrenne gelooss sou dat se mat 79:74 gewannen.
Etzella Ettelbréck - Residence Walfer 72:66
Déi Ettelbrécker si guer net gutt an de Match gestart an hate soumat nom éischte Véierel e Réckstand vun 8 Punkten ze verzeechnen. Ab dem zweete Véierel waren se dann awer op der Héicht, hu vill besser gespillt sou dat se an der Paus just nach e Retard vun 2 Punkten haten. Och nom Téi hu se dunn genausou weider gefuer a konnten elo a Féierung goen. Am leschte Véierel hunn déi Walfer et dann net méi gepackt fir de Match nach eng kéier ze dréinen a soumat wënnt d'Etzalla mat 72:66.
Amicale Steesel - Basket Esch 89:49
E schwarzen Dag haten déi Escher wéi se géint Steesel guer keng Chance haten. Schonn nom éischte Véierel stoung et 27:9 fir Steesel. Am zweete Véierel konnt de Basket Esch besser mathalen an hunn de Réckstand just minimal méi grouss gi gelooss mee no der Paus hunn di Steeseler nees eng kéier op de Gas gedréckt an enger Victoire keng Zweiwel méi opkomme gelooss.
Playdown
Telstar Hesper - AB Konter 64:74 (16:16, 16:23, 14:18, 18:17)