"Et geet drëms fir an dësem Moment vun der Kris méi wäit ze denken"

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)
De Frank Arendt huet en Appell u seng Presidentekolleege gemaach, déi finanziell Situatioun am Aen ze hunn, wann et ëm Kontrakter vu Profispiller geet.
Am nationalen Basket ass trotz der Corona Paus den Ament relativ vill lass. Aktuell gëtt nämlech vill iwwert déi nei Saison geschwat, Themen wéi de Spillmodus an virun allem zu wéi vill Equippen soll gespillt ginn stinn virun enger Decisioun.
Et gëtt awer och interessant wéi déi finanziell Situatioun vun de Veräiner no der Kris wäert ausgesinn.
Fir haut ee Pronostic ze maachen wier wuel ze fréi, fir awer ze gleewen, datt no der Corona Kris déi finanziell Situatioun am nationale Sport an an dësem Fall dem Basket wäert onverännert sinn, ass schwiereg ze gleewen.
De President vun der Sparta Bartreng de Frank Arendt, huet dowéinst och an Appell u seng Presidentekolleege gemaach, fir déi finanziell Situatioun am Aen ze hunn, wann et drëms geet Profispiller ënner Kontrakt ze huelen.
Frank Arendt:"Et geet drëms fir an dësem Moment vun der Kris einfach mol méi wäit ze denken. Et sinn vill Veräiner déi an der Vergaangenheet schonn gestruewelt hunn, ech denken datt dat doudsécher net besser gëtt. Mir wëssen net wat eis erwaart no der Kris. Wéi ech allerdéngs verschidde Veräiner kennen, wäerten déi alles maachen, all Euro zesummekrazen fir genuch Suen fir Amerikaner/Profien ze hunn, an dat heescht dat kann nëmmen op en Defizit vun der Jugendaarbecht oder aneren Investitiounen goen."Dem Sparta President no ass et och wichteg den Ënnerscheed tëscht enger Auslänner an Profi Diskussioun ze maachen.
Frank Arendt:"Ech huelen an der Diskussioun dat Wuert "Auslänner" eigentlech net gären, dat well ech Diskussioun net well op ee Pass limitéieren. Et geet just drëms ob mir mat engem oder méi Profien wëlle spillen. Ee Net-Lëtzebuerger deen hei schafft ass keen Thema an soll kenne spillen. D'Fro ass elo Definitioun wien an Profi an wien net, an do musse mir eis einfach all Reegelen ginn, wann gudde Wellen do ass dann kenne mir och hei eng Decisioun huelen."
Apropos grouss Decisiounen, do dierft jo spéitstens den 16. Mee um ausseruerdentleche Kongress decidéiert ginn ënnert wéi engem Spillmodus an zu wéi vill Equippen an der neier Saison wäert gespillt ginn.