Déi grouss Sportinfrastrukture bleiwe bis déi lescht Phas vum Déconfinement, wat d'Coronakris ugeet, zou.

De Regierungsrot wäert awer an nächster Zukunft driwwer diskutéieren, wéi een d'Sportinfrastrukture fir Eenzelsportaarten, déi een am Fräie ka bedreiwen, kann opmaachen.

Sportminister mat Prezisiounen/Reportage Franky Hippert

De leschte Freideg hat den Dan Kersch op enger Pressekonferenz gesot, datt bis den 31. Juli d'Sportinfrastrukture zou géife bleiwen. Am RTL-Interview huet de Sportminister elo nach weider Prezisioune ginn.

"Déi grouss Sportinfrastrukture bleiwe bis déi lescht Phas vum Déconfinement zou. Doriwwer eraus wäert de Regierungsrot driwwer diskutéieren an nächster Zukunft, wéi een dann d'Infrastrukture kann opmaachen, fir Eenzelsportaarten ze bedreiwen, am Fräien, mat Betounung op Eenzelsportaarten am Fräien.", dat sot de Sportminister Dan Kersch am RTL-Interview. An et géif natierlech och eng Léisung gesicht gi fir den Héichleeschtungssport.

Fir de Sportminister Dan Kersch ass awer och kloer, datt een net vun engem Dag op deen aneren nees de Sportbetrib hei zu Lëtzebuerg normal ulafe ka loossen.

"Well ech mengen, datt et e falscht Zeeche wär, well am Moment si mer an enger Situatioun, wou honnerte Betriber ëm hir Existenz fäerten, well se eben nach net kënnen opmaachen, well mer d'Virsiicht walte loossen an et wär e falscht Zeechen, wann een dann am Fräizäitsport an am Sport géif maachen, wéi wann näischt wär. Dofir hu mer als Regierung déi Decisioun geholl."

A Rheinland-Pfalz zum Beispill si vun e Méindeg un nees verschidden Eenzelsportaarten am Fräie méiglech. Dozou gehéieren Tennis, Golf, Liichtathletik, Reiden, Rudderen a sou weider. Dat ganzt natierlech am Respekt vun den Hygiènes- a Verhalensreegelen, déi wärend der Conora-Kris gëllen. Vum 1. Mee un zielt dat dann och zum Beispill an Éisträich.

Dan Kersch iwwer Sportinfrastrukturen

D’CSV-Fraktioun mat hirer Spriecherin iwwer Sport Nancy Kemp-Arendt huet och „d’Chamberkommissioun Sport“ convoquéiert, fir vum Sportminister d’Exit-Strategie am Domaine vum Sport preziséiert ze kréien.

Déi Ufro ass e Sonndeg de Mëtteg komm. De President vun der Chamberkommissioun Sport, Mars di Bartolomeo huet eis e Sonndeg den Owend gesot, datt hien déi Kommissioun um Méindeg nach wäert convoquéieren. Den LSAP-Deputéierte wär och schonn mam Sportminister eens, fir datt d'Sëtzung dës Woch soll sinn.

Repercussiounen op Lëtzebuerger Futtball

Eng grouss Federatioun, d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun, huet jo hire Championnat nach net ofgesot. En Dënschdeg huet d'FLF an déi aner 54 Verbänn eng Videokonferenz mat der UEFA. An Däitschland trainéieren d'Veräiner aus der 1. an 2. Bundesliga schonn nees zanter zwou Wochen. Déisäit der Musel hoffe se jo, datt ee vläicht Mëtt Mee nees kéint Matcher ouni Spectateure spillen. Fir de Sportminister ass dat fir den nationale Futtball keng Optioun.

Dan Kersch: Et gesäit ee ganz vill Vergläicher mam Ausland, dat ass eng Tendenz, déi mer hei zu Lëtzebuerg vill hunn. De Verglach am Sport mam Ausland aus schwéier. Mir hunn z.B. keng Profiligen wéi eis Nopeschlänner, wou elo aus reng finanziellen Interêten gekuckt gëtt, dee Sportbetrib um Lafen ze halen. Dat ass zu Lëtzebuerg e bëssen anescht.

De Dan Kersch gëtt awer à ce stade och nach eppes aneschtes ze bedenken.

Dan Kersch: Datt mer och nach aner Ënnerscheeder hu mam Ausland, virun allem am sanitäre Beräich. Wann et am Ausland an engem Gebitt zu engem Brennpunkt kënnt, hu si d'Méiglechkeet op aner Gebitter auszewäichen. Dat hu mir net zu Lëtzebuerg. Dat ass eng Argument fir méi virsiichteg ze dinn.

Wann de Regierungsrot elo an noer Zukunft zesumme kënnt, soll och no enger Léisung fir d'Héichleeschtungssportler