
Um Sonndeg stoungen nach zwee weider Matcher vum 1. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.
Rouspert hat net vill Problemer mat Rodange a wënnt mat 3:1. Just an de leschte Minutten waren déi Rousperter eng kéier kuerz an d’schwamme geroden.
Zu Munneref kruten d’Spectateuren net e Match mat villen Héichpunkten ze gesinn sou dat béid Ekippen sech en 1:1 deelen.
Victoria Rouspert - FC Rodange 3:1 (2:0)
An der éischter Hallschent war Rouspert déi kloer besser Ekipp, huet ëmmer den Tempo héich gehalen an hunn déi Rodanger net eng kéier geféierlech virun de Gol komme gelooss. Rouspert dogéint konnt sech awer e puer Chancen erausspillen an zwou dovunner notzen. An der 20. Minutt konnt de Bartsch no Virlag vum Spruds den 1:0 schéissen. No 45 Minutten war et dann de Spruds sëlwer deen de Golkipper iwwerwanne konnt.
No der Paus huet Rodange de Géigner méi fréi gestéiert an hunn et soumat probéiert fir mol virun de Gol ze kommen. Mee schonn an der 57. Minutt konnt de Soladio den 3:0 markéieren a soumat fir d’Virentscheedung suergen. An der 79. Minutt dann awer aus dem näischt den 1:3 duerch den Ndiaye. No dësem Gol huet Rouspert ugefaange mat schwammen sou dat et op eemol nees bësse méi spannend war.
US Mondorf - US Hueschtert 1:1 (1:0)
An der éischter Hallschent hunn déi 714 Spectateuren net vill Golchance gesinn. Hueschtert huet déi Munnerefer héich gestéiert a soumat hat d’Heemekipp Problemer fir hirt Spill opzezéien. Kuerz virun der Paus konnt Mondorf dann awer nach duerch e schéine Fräistoussgol aus 25 Meter vum Mohammed a Féierung goen.
Och no der Paus war de Match net op engem ganz héije Niveau an et goufen och weiderhin net vill Golchancen. Trotz allem sollt Hueschtert an der 81. Minutt den Ausgläich geléngen. No Zouspill vum Ayari huet de Rodrigues dem Machado mat engem stramme Schoss keng Chance gelooss. Nëmme 4 Minutte méi spéit krut Hueschtert en Eelefmeter zougesprach mee de Machado konnt de Schoss vum Ayari paréieren.
