BundesligaGladbach klappt Leipzig, Mainz weiderhin ouni Punkt

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems setzt sech Dortmund zu Bielefeld mat 2:0 duerch, Bayern wënnt zu Köln knapps mat 2:1 a Bremen deelt sech mat engem 1:1 zu Frankfurt d'Punkten.

An der Bundesliga sinn e Samschdeg de Mëtteg 4 Matcher gespillt ginn. D’Bayern hu sech zu Köln knapps mat 2:1 duerchgesat a Dortmund konnt sech zu Bielefeld duerch zwee Goler vum Hummels behaapten. Donieft muss Mainz no enger Defaite géint Augsburg weiderhin op den éischte Punkt vun der Saison waarden a Frankfurt a Bremen hu sech mat engem Remis getrennt.

6. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Gladbach - Leipzig 1:0
1:0 Wolf (60')

Béid Ekippe waren an der Woch an der Champions League am Asaz a sou ass et an der éischter Hallschent vu béiden Ekippen net vill ze gesi ginn. Leipzig huet e bësse méi no vir probéiert wéi d’Lokalekipp, ma fir e Gol ass et net duergaangen.

Nom Säitewiessel huet Gladbach dann ugefaange sech selwer Chancen erauszespillen a sou ass an der 60. Minutt och d’Féierung gefall. Den Herrmann hat no enger Flank d’Ae fir de Wolf, deen ugelaf komm ass a mat engem gudde Schoss an de rietsen Eck op 1:0 stelle konnt. Leipzig war elo gefuerdert op dëse Réckstand eng Äntwert ze weisen, ma d’Gladbacher konnte gutt dergéint halen. Zum Schluss bleiwen all d’Beméiunge vu Leipzig ouni Succès a sou bleiwen déi dräi Punkten e Samschdeg den Owend zu Gladbach.

Köln - Bayern 1:2
0:1 Müller (13'), 0:2 Gnabry (45+1'), 1:2 Drexler (82')

Köln huet sech an den éischte Minutte beméit gewisen an huet sech eppes géint den däitsche Rekordmeeschter getraut. No 12 Minutten ass et dann awer den éischte Réckschlag ginn. De Wolf krut de Ball bei enger Flank widder den Aarm, sou dass den Arbitter keen anere Choix hat, wéi op de Punkt ze weisen. De Müller ass beim Eelefmeter äiskal bliwwen an huet d’Gäscht domat a Féierung bruecht. Och nom Géigegol huet Köln weider gutt matgehalen, huet sech mat der Zäit awer och ëmmer méi schwéier gedoen a sou ass et Bayern nach kuerz virun der Paus gelongen, op 2:0 ze erhéijen. De Gnabry huet dem Golkipp mat engem flaache Schoss an den Eck keng Chance gelooss.

An der zweeter Hallschent hat Bayern d’Kontroll iwwert de Match, huet am leschten Drëttel awer net sou konsequent gespillt wéi soss. Dat louch awer och dorun, dass ech déi Kölner Ekipp gutt geschloen huet. An der 82. Minutt huet den Thielmann et da mat engem Schoss aus dem Réckraum probéiert. Den Drexler huet dobäi entscheedend de Fouss dertëscht gehalen a sou ass Köln awer nach den Uschlossgol gelongen. Zu engem weidere Gol fir d’Haushäre sollt et awer net méi duergoen a sou gewënnt Bayern de Match zu Köln mat 2:1.

Bielefeld - Dortmund 0:2
0:1 Hummels (53'), 0:2 Hummels

Dortmund huet de Match op der Alm zu Bielefeld vun Ufank u bestëmmt, ass awer ni um Bielefelder Golkipp laanscht komm. Ronn 81% Ballbesëtz hunn déi Dortmunder Dominanz ganz kloer gewisen, ma no 45 Minutten ass et fir béid Ekippen ouni Goler an d’Vestiairë gaangen.

Kuerz no der Paus konnt sech Dortmund da fir déi éischt Hallschent belounen. No engem Corner ass den Hummels kuerz virun der Linn ugeschoss ginn an huet de Ball sou ouni grouss Méi an de Gol ënnerbruecht. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet dann eng zweete Kéier den Hummels zougeschloen. No enger Flank vum Reus huet de Verdeedeger vun Dortmund de Ball mam Kapp an de laangen Eck geschoss an domat de Match sou gutt wéi entscheet. Bis zum Schluss huet sech um Spillstand dann näischt méi geännert a sou muss sech Bielefeld duerch zwee Hummels-Goler géint Dortmund geschloe ginn.

Augsburg - Mainz 3:1
1:0 Vargas (40'), 1:1 Onisiwo (64'), Hahn (80'), 3:1 Hahn (90+1')

No 5 Matcher ouni Punktgewënn wollt Mainz um 6. Spilldag zu Augsburg déi éischt Punkte sammelen. Gewosst war awer, dass dat géint déi formstaark Haushären net einfach géif ginn. Ouni de Leandro Barreiro ass Mainz an de Match gestart, deen iwwer laang Zäit schwaach un Héichpunkte war. Augsburg hat liicht méi vun der Partie an ass kuerz virun der Paus nach a Féierung gaangen, wéi de Vargas mat engem spektakuläre ‘Fallrückzieher’ op 1:0 stelle konnt.

Nom Säitewiessel huet Mainz sech elo méi beméit, wat dann an der 63. Minutt belount ginn ass. Den agewiesselten Onisiwo ass no engem Mainzer Ballgewënn an de Laf gespillt ginn a virum Golkipp huet hie seng Nerve behalen a konnt op 1:1 ausgläichen. An der Schlussphas huet d’Lokalekipp dann awer nach eng Kéier den Tempo erhéicht. 10 Minutte virum Enn huet d’Defense dem Hahn ze vill Plaz gelooss, deen dovu profitéiert huet an no engem Zouspill d’Féierung nees hierstelle konnt. An der Nospillzäit huet den Hahn da mat sengem zweete Gol definitv den Deckel drop gemaach a sou steet zum Schluss eng verdéngte Victoire fir Augsburg.

Frankfurt - Bremen 1:1
0:1 Sargent (51'), 1:1 Silva (65')

Den internationale Futtball um Samschdeg am Iwwerbléck fannt Dir heiKlickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO