
E Samschdeg stoungen an der Bundesliga 5 Matcher um Programm.
Sheffield - Manchester City 0:1
0:1 Walker (28')
Manchester City, fir déi et an dëser Saison bis elo net sou no Plang leeft, ass trotzdeem als kloere Favorit an de Match géint Sheffield gaangen. No enger gudder Ufanksphas ass de Gäscht dann och d’Féierung gelongen. No engem Zouspill huet sech de Walker aus der Distanz en Häerz geholl an dem Golkipp mat engem schéine Schoss keng Chance gelooss. Mam 1:0 fir City ass et och an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel huet sech Sheffield weiderhi schwéier gedoen, fir eng Äntwert op de Réckstand ze fannen. D’Gäscht haten d’Kontroll iwwert de Ball a sou och iwwert de Match. Bis zum Schluss sinn da keng weider Goler méi gefall a sou séchert sech Manchester City déi dräi Punkten zu Sheffield.
Burnley - Chelsea 0:3
0:1 Ziyech (26'), 0:2 Zouma (63'), 0:3 Werner (70')
Liverpool - West Ham 2:1
0:1 Fornals (10') 1:1 Salah (42')
An der Ufanksphas huet Liverpool de Ball lafe gelooss. West Ham huet ofgewaart a mat der éischter Chance direkt zougeschloen. An der 10. Minutt konnt sech de Fornals am Strofraum duerchsetzen a mat engem Schoss, dee vum Potto an de Gol gesprongen ass, den 1:0 fir d’Gäscht markéieren. No der Féierung stoung West Ham an der Defense disziplinéiert, trotz engem exzellente Zesummespill ass et de Reds awer laang net gelongen e Wee laanscht d’Defense ze fannen. Bis kuerz virum Schluss vum éischten Duerchgang. No engem kloere Feeler vum Masuaku, konnt de Salah per Eelefmeter ausgläichen a sou ass et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel hat Liverpool weider méi vum Match, och wann et net dat grousst offensivt Spektakel ginn ass. Ronn 10 Minutte viru Schluss konnt den Diego Jota dann den 2:1 fir d’Haushäre schéissen, nom Asaz vum Videoarbitter ass de Gol op Grond vun engem Feeler awer nees zréckgeholl ginn. Liverpool huet trotzdeem weider probéiert a just 5 Minutte méi spéit huet et dann nach eng kéier geklappt. Nees war et den Diego Jota, deen no engem Zouspill vum Shaqiri d’Féierung fir d’Reds schéisse konnt an domat um Enn d’Victoire fir Liverpool séchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Crotone - Atalanta 1:2
0:1 Muriel (26'), 0:2 Muriel (38'), 1:2 Simy (40')
Inter - Parma 2:2
0:1 Gervinho (46'), 0:2 Gervinho (62'), 1:2 Brozovic (64'), Perisic (90+2')
An der éischter Hallschent hat Inter méi vum Match, hat awer Problemer sech gutt Chancen erauszespillen. De Perisic an den Hakimi haten déi zwou bescht Chancen op d’Féierung, wou den Ofschloss awer ze onpräzis war. Mat engem 0:0 sinn déi éischt 45 Minutten op en Enn gaangen.
No der Paus ass Parma dann iwwerraschend a Féierung gaangen, wéi den Gervinho dem Golkipp mat sengem Schoss an de rietsen Eck keng Chance gelooss huet. Ronn 5 Minutte méi spéit ass och Inter dann den éischte Gol gelongen, ma den De Vrij stoung bei sengem Schoss am Abseits. An der 62. Minutt war et dann eng weider kéier den Gervinho, dee mat sengem zweete Gol vum Dag op 2:0 fir Parma stelle konnt. De Match war domat awer nach net entscheet well just 2 Minutten drop de Brozovic op 1:2 verkierzt huet. Inter huet de Match weiderhi bestëmmt an op den Ausgläichsgol gedréckt. An der zweeter Minutt vun der Nospillzäit huet d’Ekipp vu Mailand da seng Efforte belount an duerch de Perisic ka sech d’Lokalekipp zum Schluss nach e Punkt sécheren, dat an engem Match deen eigentlech ze gewanne war.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Rennes - Brest 2:1
0:1 Honorat (57'), 1:1 Da Silva (66'), 2:1 Aguerd (70')
Nantes - PSG 0:3
0:1 Herrera (47'), 0:2 Mbappe (65'), 0:3 Sarabia (88')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - Huesca 4:1
1:0 Hazard (40'), 2:0 Benzema (45'), 3:0 Valverde (54'), 3:1 Ferreiro (74'), 4:1 Benzema (90')
Nodeems een an der Champions League nach spéit e Remis géint Gladbach erzwénge konnt ass et fir Real Madrid e Samschdeg géint den Opsteiger Huesca gaangen. Deen huet et och gepackt de Ball eng éischte kéier am Gol ënnerzebréngen. De Vicente stoung beim Zouspill awer am Abseits a sou ass Real dem fréie Réckstand dervukomm. Duerno hunn déi Kinneklech awer d’Kontroll iwwerholl a sou waren et als éischt den Hazard, kuerz drop dann de Benzema, déi mat hire Goler kuerz virun der Paus op 2:0 stelle konnten.
Ronn 10 Minutten am zweeten Duerchgang konnt de Valverde mat engem schéine Schoss op 3:0 erhéijen an domat d’Victoire virzäiteg sou gutt wéi sécheren. Huesca ass dann zwar an der 74. Minutt den uschlossgol duerch de Ferreiro gelongen, ma de Gol zum 4:1 vum Benzema an der 90. Minutt huet dann alles kloer gemaach. Um Enn steet eng verdéngte Victoire fir den Tabelleleader Real Madrid.
Athletic Bilbao - FC Sevilla 2:1
0:1 En Nesyri (9'), 1:1 Muniain (76'), 2:1 Sancet (86')
Osasuna - Atlético Madrid 1:3
0:1 Joao Felix (43'), 0:2 Joao Felix (69'), 1:2 Budimir (80'), 1:3 Torreira (88')
Alaves - FC Barcelona 1:1
1:0 Rioja (31'), 1:1 Griezmann (63')
E Samschdeg stoungen an der Bundesliga 5 Matcher um Programm.LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga